E Sonndeg, 19. Januar: Presseclub mat der woxx

D’politesch Regierungs-Remaniementer vun der LSAP, e Rapport iwwert de Fonctionnement vum Haff en attente, de Finanzement vun der Piratepartei, d’geplangt Akzissen-Haussen vum Sprit an d’Banneliewen bei der ADR – Sujeten, déi déi läscht Deeg d’Aktualitéit dominéiert hunn. Mir schwätzen driwwer an analyséieren – am RTL-Presseclub um Sonndeg. Invitéen sinn d’Dani Schumacher aus dem Wort, de Pol Schock vum Lëtzebuerger Land, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Joël Adami vun der Woxx.

 

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 5. Januar: Presseclub mat der woxx

Den Depart vum Etienne Schneider an seng Auswierkungen op d’Regierung an op d’LSAP, déi elo och ouni den Alex Bodry do steet, een Ausbléck op déi politesch Lee 2020, déi virun allem mat Steierreform versprécht spannend, vläicht esouguer zu enger Zerräissprouf fir d’Dräierkoalitioun ze ginn – doriwwer, mä awer och iwwert d’Tensiounen tëscht  USA an Iran schwätzen am Presseclub dëse Sonndeg de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen vum Land, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Joël Adami vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg – deen éischten vum Joer – wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 15. Dezember: Presseclub mat der woxx

Wéi sinn d’Resultater vun der jéngster Sonndesfro ze bewäerten? Wat ass zu de Reiwereie bannent der CGFP am Zesummenhang mat der Affär Christian Schleck ze soen? A wou steiert d’ADR no hirem Sträit ëm d’Sylvie Mischel hin?

Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Claude Karger vum Journal, den David Marques vum Quotidien, d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort an de Richard Graf vun der woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 17. November: Presseclub mat der woxx

Annoncéiert Departen bei der LSAP, en CSV-Kongress am Zeechen vu Wuesstem, den Audit iwwert de Filmfong an natierlech d’Diskussioun ëm dat wat e Minister kann an dierf mat der Implicatioun vum Ethikcomité – dat sinn e puer vun de Sujeten, déi d’läscht Woch iwwer an der  Aktualitéit waren.

Doriwwer schwätzen am Presseclub ob Invitatioun vum Roy Grotz: Dani Schumacher aus dem Wort, Josée Hansen vum Land,  Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt a Richard Graf vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 22. September: Presseclub mat der woxx

Et huet net un Drama gefeelt déi lescht zwee Méint. Lokal hate mer een Tornado an dës Woch eng Manif géint de Klimawandel. De Justizminister Felix Braz hat een uergen Häerzinfarkt a kann seng Funktioune bis op Weideres net exerzéieren. International huet de Brexit-Drama nei Ausmoosse geholl an ass mam Boris Johnson dës Woch definitiv zu Lëtzebuerg ukomm an dann hu mer nach d’Affär Gaardenhaische wéinst där elo de grénge Buergermeeschter Roberto Traversini d’Handtuch geheit huet. Et gëtt also genuch ze diskutéieren dëse Sonndeg am Presse-Club.

Invitéiert sinn: Josée Hansen vum Land, Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, Marc Schlammes vum Wort a Richard Graf vun der woxx. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 14. Juli: Presseclub mat der woxx

Ganz geheim, semi-secret oder oppen – egal, wéi d’Fichieren vu Parquet a Police sinn – et muss a Saachen Dateschutz nogebessert ginn.
Wéi ass den Emgang vu Majoritéit an Oppositioun mat där ganzer Affaire ze bewaerten – offensiv oder arrogant?
Doriwwer  – an och iwwert en Tëschebilan vun deem wat d’Dräierkoalitioun bis lo no de Wahlen am Oktober ëmgesat huet – schwätzen am Presseclub dëse Sonndeg d’Dani Schumacher aus dem Wort, de Claude Karger vum Journal, de Christoph Bump vum digitalen News-Magasin Reporter, de Richard Graf vun der Woxx an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg – deem läschten virun der Summervakanz – wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Februar: Presseclub mat der woxx

Nei Käpp un de Spëtzten vun CSV an LSAP, eng delikat Pre-Brexit-Situatioun mat villen Inconnuen, d’Patronat géint déi 2 decidéiert fräi Schaffdeeg, stännegt Rumouers beim Fonds du Logement an de Bilan vun der Lëtzebuerger Asylpolitik – Sujeten, déi an der läscht an der Press dominéiert hunn an zu deenen dëse Sonndeg  den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt, de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen aus dem Land an de Richard Graf vun der woxx, diskutéiere wäerten.

Suivéiert de Presseclub live tëscht 11 an 12 Auer um Radio an natierlech op RTL an och am livestream. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 2. Dezember: Presseclub mat der woxx

Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit? Iwwert de Koalitiounsaccord an d’Ressorte pro Partei gëtt e Sonndeg am RTL-Presseclub geschwat.

Néng Plenièren an Dosende vun Aarbechtsreuniounen waren néideg – elo steet de Koalitiounsaccord, grad wéi dass d’Ressorten tëscht Blo, Rout a Gréng verdeelt sinn!

Mä wéi ass de Contenu ze bewäerten: Innovatioun oder roueg Politik an der Kontinuitéit?

Wat ass ënner „Wäitsiicht“, ambitiéis a Gerechtegkeet ze verstoen?

Mir huelen d’grouss Linnen, déi d’Verhandlungspartner ausgemaach hunn, ënnert d’Lupp – an der Journalisteronn um Sonndeg.

Am Presseclub dëse Sonndeg sinn dës Invitéen: de Marc Schlammes vum Wort, d’Josée Hansen aus dem Land, de Richard Graf vun der woxx, an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt. mehr lesen / lire plus