Macht Iech et gemittlech, mir hunn eppes Neies fir Iech: de Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ mat frëschem Konzept.
Ee Mol am Mount schwätze woxx-Journalist*innen ënnerteneen, mä och mat Gäscht iwwert Konscht a Kultur. Wat eis dobäi wichteg ass? Datt mir an dem Zesummenhang en Bléck op d’Duerstellung vu marginaliséierte Persounegruppen, Ëmwelt a weider fir d’woxx relevant Theme geheien.
An dräi Deeler diskutéiere mir iwwert kulturell Produktiounen – nei oder al – a stellen zum Schluss deen een oder anere Kultur-Tipp aus der woxx vir.
Eis éischt Folleg dréint sech em de Bléckwiessel: Wisou fält et dem Tessie Jakobs (woxx) schwéier „La vie d’Adèle“ ze genéissen? mehr lesen / lire plus