„In Defence of Rock“ heescht dĂ©i zweet Compilatioun vum lĂ«tzebuerger Label Winged Skull. De Rock muss verteidegt ginn, mee gĂ©int wat? De Giordano Bruno (24),
ee vun de Grenner vum Label, schwätzt iwwert d’Problemer vun der lĂ«tzebuerger Underground Musikszeen.

„Mir sinn eng kleng Oppositioun“, seet de Giordano Bruno iwwert den Underground-Label Winged Skull.
Ween ass Winged Skull?
Winged Skull ass am Dezember 1999 entstan. Et war eng Idee vun dräi Leit, dĂ©i an dräi verschiddene Gruppen waren an öfters Concert’en a CafĂ©’en gespillt hun. Iergendwann hu mir gemierkt, dass awer verschidde Läit un deem interessĂ©iert waren, wat mir do gezwafft hunn. Emmer mĂ©i Bands sinn entstan, Ă«mmer mĂ©i Läit si komm, Ă«mmer mĂ©i hu mir probĂ©iert fir weider Concert’en ze organisĂ©iren. Dunn hu mir gemierkt, dass dat ganzt Ă«mmer mĂ©i kascht huet a gläich net mĂ©i aus eiser Täsch ze finanzĂ©ire war. Dofir hu mir Winged Skull Booking gegrĂ«nnt. Mir hu Sue gesammelt, eng Keess gemaach wouraus dann all Käschten dĂ©i mir haten bezuelt gouffen. Mir waren esou ee klenge Kollektiv vu verschiddene Bands, an dat huet esou gutt geklappt, dass mir och eise Gruppe regelmĂ©isseg Ă©quilibrĂ©iert Gagen konnte ginn. Dunn ass dat esou viru gaang a mir hunn och auslännesch Bands agelueden fir zu LĂ«tzebuerg ze spillen. Elo si mir op e Punkt komm wou mir bis zu 30-40 Emails den Dag krĂ©ien, matt Ufroe vun auslännesche Bands dĂ©i hei wĂ«lle spillen.
De Booking ass deen ee Job vu Winged Skull. Dunn am Oktober 2002 hu mir dĂ©cidĂ©iert och ee Label ze grĂ«nnen, deen Winged Skull Records heescht. Winged Skull Records sinn am Moment 8 Gruppen dĂ©i sech all gutt kennen a sech autofinanzĂ©ieren. Mir sinn zu 4 Läit dĂ©i dat ganzt finanziell gĂ©rĂ©iren, mee d’Sue gehĂ©iren de Gruppen. All SchrĂ«tt wou mir maachen, alles wat mir rausbrĂ©ngen gĂ«tt mat jidderengem vun all Grupp beschwat an dĂ©cidĂ©iert an do ass et ebe wichteg wann ee sech gutt versteht Ă«nnerteneen, wat och de Fall ass. Mir 4 GĂ©rant’en probĂ©iren dann deen sougenannte Marketing, d’Verdreiwung am Ausland esou gutt wĂ©i mĂ©iglech ze maachen, mir hu wierklech keng grouss MĂ©iglechkeeten, mee esou lues a lues schaffe mir eis erop. Mäi Papp seet Ă«mmer op italienesch „Chi va piano, va sano ed arriva lontano…“, wat an eisem Fall esou vill heescht wĂ©i „ween d’Saach lues ugeet, kĂ«nnt gesond un a kĂ«nnt iergendswĂ©ini eng KĂ©ier ganz wäit…“ ! Dat ass e bĂ«ssen eis Politik bei Winged Skull Records. Mir erweideren eis, dĂ«st Joer hu mir och d’MĂ©iglechkeet fir nach dĂ©i eng oder aner zwee Gruppen an d’Famill ze adoptĂ©iren, an do maache mir dann och e Choix ob et an eisen Aan schonn e Wert huet, ob d’Grupp WĂ«llen huet fir
och eppes dofir ze man an op se matt eiser Politik averstan ass. Et ass net jiddereen averstaan, mee meeschtens ass dĂ©i Rock’n’Roll MentalitĂ©it bei jidderengem do.
Wat fir eng Philosophie stécht fir iech hannert de Compilatiounen?
De 24. Januar 2003 hate mir schonn eng Compilatioun, dĂ©i iwwregens „Tales from the Winged Skull“ heescht, erausbruecht. DĂ©i huet sech relativ gutt verkaaf. DĂ©i CD war souzesoen de Start fir eise Label Winged Skull. „In Defence of Rock“ hu mir sĂ©cher net erausbruecht fir Frick ze man, well mat Musek kann een op eisem Niveau ganz schlecht wierklech eppes verdĂ©ngen. Et ass einfach fir de Leit hei an och am Ausland ze weisen, dass et och gutt Gruppen zu LĂ«tzebuerg ginn Mir fannen, dass et an eiser sougenanntener Underground Szen wierklech am Moment eng enorm Evolutioun vun der QualitĂ©it vun de Bands gĂ«tt, och wann dĂ©i Leit nie an engem Conservatoire waren. DĂ«s CD ass och fir d’Ausland geduecht, also mir verschĂ©cken all eis CD’en dĂ©i mir bis ewell rausbruecht hunn un Fanzines, dĂ©i se dann gutt oder och oft net esou gutt kritisĂ©iren. Och wann eis Bands am Ausland spillen, probĂ©iren si d’Compil ze verkafen, wat och eenegermoossen leeft. Desweideren ginn dĂ«s CD’en och un auslännesch Gruppe weidergereecht an dann an deene Gruppen hir Distributioun opgeholl, wat natierlech nĂ«mmen vu Virdeel ass fir d’lĂ«tzebuerger Bands, well si doduerch am Ausland promotet ginn. An ech mengen den Haaptpunkt vun där Compil ass de Faktor Promotion am In- an Ausland.
Winged Skull steet jo haaptsächlech fir Punk-
rock …
Dat wëll net heeschen, dass mir kleng karéiert Chaos-Kanner sinn. Nee, dat si mir net, mir si ganz normal léif sozial, fir de Fridden a sozialkritesch Jongen a Meedercher, déi haaptsächlech Musek wëlle man. Punkrock ass an eisen Aan eng Form vun Expressioun, eng Form vu Spaass, eng Liewensaart déi sech e bësse vun eisem sougenannten, richtegen, ugepasste System ënnerscheed. Mir si keng Anarchisten, nee mir si just eng kleng Oppositioun, déi Spaass huet.
Mir als Museker sinn zimlech hefteg Ă«nnerdrĂ©ckt an dem SĂ«nn, dass mir wierklech andauernd kämpfe musse fir iwwerhaapt kĂ«nnen iergendswou an engem CafĂ© ze spillen. Mir hunn näischt, och keng MĂ©iglechkeete fir ze prouwen. E Proufsall, wou näischt dra steet kascht tĂ«scht 300-500 € de Mount. Wouhir solle mir als Studenten, SchĂĽler oder kleng Aarbechter eis dat leeschten kĂ«nnen? Mir mussen en plus och nach eis Instrumenter an Anlagen Ă«nnerhalen, wat och net grad bĂ«lleg ass. Et ass net einfach, duerfir huele mir Initiative fir de Leit an de Ministären ze weisen, dass et eng Musekszeen gĂ«tt jenseits vum kommerzielle Mainstream-Radio. Och hir Kanner an Neveux’en spillen an verschiddene Gruppen, ech si sĂ©cher bei där eng oder där anerer Grupp dĂ©i op der Compil ass, do ass esou een oder eent dobäi …
Op wat fir eng Schwieregkeeten stousst dir konkret als Label?
Et ass schwĂ©ier fir finanziell EnnerstĂ«tzung bei de Sponsoren ze fannen. DĂ©i SuĂ«n dĂ©i erakommen, an et kommen der wierklech net vill eran, ginn haaptsächlech drop fir eis Käschten dĂ©i mir hunn a fir d’CD’en regelmĂ©isseg ze verschĂ©cken an un eis Concert’en dĂ©i mir organisĂ©iren. Mir sinn nach net un dem Punkt wou mir d’Gruppen kĂ«nne räich man, do bräichte mir mĂ©i EnnerstĂ«tzung vun de Medien, Concert’s Säll, etc. Eis Gruppen di sech schwĂ©ier fir iwwerhaapt kĂ«nnen Ă©ierewou op uerdentleche Plazen ze spillen ausser a CafĂ©’en, obwuel si wierklech net vill froen, si wĂ«lle just spillen. Eis Gagen
leien tëscht 100-200 €, an net 5000-15000 €, wéi verschidden international Gruppen.
Wat misst sech kulturpolitesch ännere fir dass d’Musikszeen sech besser kinnt entwĂ©ckelen?
Also ech brauch ee Sall, maximal KapazitĂ©it 300 Läit fir meng kleng Concert’en, wou ech keng Schwieregkeete krĂ©ie mat der Police oder den Noperen. Ech wĂ«ll just Musek maachen, ech brauch dat wierklech, ech brauch keng Coque oder Rockhal, alles onnĂ©ideg an aus der FĂ«nster erausgeheitent Geld!
Ech wĂ«nsche mir mĂ©i Respekt fir dat wat mir maachen. Wat ech domatt wĂ«ll soen ass, dass et net an der Rei ass dass d’AutoritĂ©iten eis d’Concert’en heiansdo einfach esou ofbriechen. Dat ass a mengen Aan respektlos, mee et ass nunmol esou wann d’Musek e bĂ«sse mĂ©i haart ass …
Géingt dir dann awer net, wann dir lo méi Ennerstëtzung gifft kréien, den alternativen Aspekt verléieren an och Deel vum Establishment ginn?
Jo, dat stĂ«mmt schonn, mee firwat geet et dann a Frankräich, England, an den USA, etc … a bei eis net?
A Frankräich gëtt et eng art Chômage culturel fir
d’Gruppen. An Italien ginn et iwwerall Ă©quipĂ©iert Proufsäll fir 5 € – 10 € d’Prouf … mir bezuelen bis zu 300 € de Proufsall. Ech fannen et geet schonn duer wann ee fir säin Numm kämpfe muss a fir seng CD’en ze verkafen. Dat ass vill Aarbecht fir eng Band a wa si och nach kämpfe muss fir iwwerhaapt ze prouwen, dat ka jo näischt ginn.
„In Defence of Rock“ kann ee fir 4 € beim Label bestellen. MĂ©i Informatiounen op www.wingedskull.cjb.net

