THEATER: Keen Happyend fir Stengefort

von | 09.07.2004

D’Eva Paulin an de Serge Tonnar kucken am Fong guer kee Fernseh. Trotzdem, oder grad dofir, huelen d’Regisseurin an de SchrĂ«ftsteller am StĂ©ck „Talkshow“ d’Phänomen Reality-TV satiresch Ă«nnert d’Lupp.

Mediekritiker Ă«nnert sech: d’Eva Paulin
an de Serge Tonnar.

De Public ass de Riichter zu Stengefort. Am Theatersall gesäit et aus wĂ©i an engem Fernsehstudio a virun de Leit dĂ©filĂ©ieren mĂ«nschlech Schicksaler iwwert dĂ©i ee per faarweger Käertchen ofstĂ«mme kann. Et ass en interaktivt StĂ©ck. FĂ«nnt de Jimmy Nilles seng Zwillingsschwester erĂ«m? Verzeit dem Patrick Loos seng Ex-Fra him, dass heen am Soff en Akzident provozĂ©iert huet, bei deem de Bouf gestuerwen ass? An däerf d’Madam Eva dat Kand behalen, wat si am Fong nĂ«mme fir d’Famill Steiler ausdroe sollt? Eent ass sĂ©cher: Um Enn gĂ«tt nĂ«mmen ee gerett. Oder? „D’LiĂ«wen ass ongerecht an „Talkshow“ ass eng Sendung iwwert d’Liewen“, sou annoncĂ©iert de Serge Tonnar säi StĂ©ck, wat hie schon 1999 geschriwwen huet. A well sou e GesprĂ©ich mat enger Zeitung och eng Zort Talkshow ass, huelen d’Eva Paulin an de
Serge Tonnar Plaz um bloe CanapĂ© fir dat ze weisen – talk and show ass de Motto – wat si sech ausgeduecht hunn.

Et mierkt een deenen zwee Theatermenschen d’Roserei richteg un, dĂ©i si op d’Medien hunn. Zu Stengefort prĂ©parĂ©ieren si de grousse Coup, deen d’Menschheet aus de Kralle vun der vĂ©iereckeger KĂ«scht befreie soll. An der Aler Schmelz ginn d’TribĂĽnen opgeriicht, de groussen Ecran steet schonn, op deem dem Yann Tonnar seng Videoaspillungen dem Public d’Ae wäerten opmaachen. D’Eva Paulin reiwt sech d’Hänn.

DĂ©i gebierteg Eistrräicherin inszenĂ©iert gär kontrovers StĂ©cker. Zu Lescht huet si dem Thornton Wilder säi „Wir sind noch einmal davongekommen“ als grouss Sitcom inszenĂ©iert an där zickeg Acteur’en Ă«mmer erĂ«m aus der Roll falen. Och a „Kopenhagen“ vum Michael Frayn huet si sech d’Fro gestallt no der Wourecht dĂ©i sech hannert der Fassad verstoppt.

De Serge Tonnar, 34 Joer al, MusĂ©ker an iwwerhaapt AllroundkĂ«nschtler, wĂ«llt der TĂ«lee och net esou richteg trauen. A „Schlof KĂ«ndche, Schlof“, wat lescht Joer am Kader vum Act In Festival gespillt gouf a wat heen och selwer op d’BĂĽhn vun der Aler SĂ«erei zu Dikkrech bruecht hat, verlĂ©iert sech eng Koppel an der falscher Welt vun enger Seefenoper. Zum Schluss ass souguer op de Sandmännche kee Verlooss mĂ©i. Deen ass jo awer d’Symbol vun engem Fernseh, dee sengem Public eng schĂ©in a glĂ©cklech Welt wĂ«ll verkafen.

DĂ©i zwee loosse sech net einfach esou Märecher verzielen. „Mediekritik ass mäin Hobby“, seet de Serge Tonnar. Net emsoss heescht seng Band och nach Zap Zoo. Firwat mecht heen dĂ©i KĂ«scht dann net einfach aus? De Problem ass, erklärt heen, dass de Fernseh sech scho laang net mĂ©i einfach nĂ«mme passiv kucke lĂ©isst, mee aktiv an d’Gesellschaft agräift an se verännert. D’Eva Paulin geet nach mĂ©i wäit a gesäit d’TĂ«lee souguer als Reliounsersatz an d’Talkshow als modern Variant vum Beichtstull: „D’Relioun gouf iwwer Joeren als MĂ«ttel genotzt fir d’LĂ©it roueg ze halen. D’Massemedien sinn elo an dĂ©i BedĂĽrfnislĂĽck gesprongen.“

„Talkshow“ ass am Fong e ganzt witzegt StĂ©ck. Mee der Eva Paulin an dem Serge Tonnar ass et doudeescht. Op der Affiche kuckt eng Figur mat enger blonder ParrĂ©ck bĂ©isaarteg a mat geballtene Fäischt engem riicht an d’Aen. Vläicht hunn dĂ©i zwee jo e bessen zevill ronderem gezappt an duerch e medialen Overkill ass dĂ©i faarweg Welt um Ecran e beemol ze schwĂ©ier ginn, fir se op d’liicht SchĂ«ller ze huelen. „Fernseh ass net nĂ«mmen Ennerhalung. Duerch esou eng Zort vun ‚Ennerhalung‘ gĂ«tt de Publikum geeschteg lahmgeluecht an doduerch entsteet Frustratioun“, seet d’Regisseurin. Et wär net am Interessi vun de Medien fir d’LĂ©it dozou z’encouragĂ©ieren eegen Iddi’en ze entweckelen, sou d’Eva Paulin: „D’Medie probĂ©ieren eis ofzelenken, fir dass mir vergiessen. Mee et ass een net op der Welt fir ze vergiessen.“

De Serge Tonnar gĂ«tt sech och a senge Liddertexter gär gesellschaftskritesch. „Dressed to be killed“ heescht dĂ©i lescht Plack vu Zap Zoo. Et geet gĂ©int d’KrawattendrĂ©ier, em dĂ©i dĂ©i am Dingscht vum Kapitalismus wĂ©i Schof op d’Schluechtbänk, dat heescht op de BĂĽro, pilgeren an ni froe firwat. Heen huet gudd schwätzen a sengem weiten Hiem, wat no Vakanz ausgesäit. Iwwerhaapt schengen heen an d’Eva Paulin sech guer net drun ze stĂ©ieren, dass si als Theatermenschen am Fong iwwert d’Medien uerteelen, mee a leschter Instanz awer selwer am Dingscht vun engem Medium stinn. „Theater ass eppes ganz aanescht wĂ©i Fernseh“, seet de Serge Tonnar, „am GĂ©igesaz zum Fernseh weess een am Theater Ă«mmer klor, wat Fictioun ass a wat net.“ Doriwwer kĂ©int ee streiden, mee dĂ©i zwee wĂ«llen net. D’Eva Paulin argumentĂ©iert: „D’StĂ©ck huet jo bewosst den Usproch fir d’Machinnatiounen vun de Medien opzedecken an d’Leit selwer un d’Nodenken ze krĂ©ien.“ Keng Gehiirwäsch soll „Talkshow“ sinn, mee en Ustouss.

Et ass trotz allem net ze ignorĂ©ieren, dass en TheaterstĂ©ck wat d’TĂ«lee op d’SchĂ«pp hĂ«llt am Fong open Dieren arennt bei engem souwisou mediekritesche Public. „De Stengeforter Festival huet e relativ breeden a gemĂ«schtene Publikum“, seet d’Eva Paulin an de Serge Tonnar wĂ©nkt mam Kapp: „Duerch d’populär Form vun de StĂ©cker, dĂ©i hei opgefouert ginn, hu mir vläicht d’Chance och aner Leit unzeschwätzen, net nĂ«mmen dee klasseschen Theaterpublikum.“

D’Eva Paulin setzt un, fir eppes iwwert d’InszenĂ©ierung ze zielen an de Serge Tonnar hält sech d’Oueren zou. Hee wĂ«ll näischt wĂ«ssen. Nodeems heen „Schlof KĂ«ndche, schlof“ selwer inszenĂ©iert hat, däerf heen sech elo iwwerrasche loossen. Och fir de Public huet d’OpfĂ©ierung sou munch Onerwaartes in petto. Et ass awer net zevill verroden, wann ee seet, dass de Schluss fatalistesch, bal schon zynesch ass. Dat lĂ©isst d’Eva Paulin net gĂ«llen: „De Schluss ka guer net zynesch sinn, well en ass virun allem eent: Fake, fake, fake. De Misär ass just gespillt, a wat just gespillt ass, ka jo och net wĂ©i dinn.“ D’Regisseurin grinst bal hannerlĂ«schteg, wĂ©i wa si sech gĂ©ing freen dat onbarmhäerzegt Medium TĂ«lee mat den eegene Waffen däerfen ze schloen. De Serge Tonnar hĂ«llt dat e besse mĂ©i cool, hee get souguer zou, dass och hee sech heinansdo vum Fernseh un der Nues eremfĂ©iere lĂ©isst. D’Eva Paulin rĂ«selt de Kapp: „Ech kucken nĂ«mmen de Fussball. Well am Fussball, do ass d’Welt nach an der Rei.“ Ganz eescht war dat wuel net gemengt.

Aanescht wĂ©i an der „Truman Show“ gĂ«tt et an der „Talkshow“ keng Dier am hellbloen Himmel zu däer ee kĂ©int erausklammen an eng besser Welt, oder Ă©ischter aus der besserer Welt Fernseh eraus an dat richtegt Liewen. En Happyend wĂ©i zu Hollywood wollte se keent. D’Eva Paulin an de Serge Tonnar sti virun der Aler Schmelz op der
Wiss a kucken iwwert d’Duerf: „Stengefort brauch keen
Happyend.“

Dat kéint Iech och interesséieren

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Assises sectorielles du chant choral: Junge Chorsänger*innen gesucht

Die „Assises sectorielles du chant choral“ vom vergangenen Samstag offenbarten, wo den Chören hierzulande der Schuh drĂĽckt. Es mangelt an Sichtbarkeit, pädagogischem Know-how und vor allem an Nachwuchs.   Wie bei Rundtischgesprächen ĂĽblich, boten die „Assises sectorielles du chant choral“ vergangenen Samstag einen Morgen voller leiser...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch: Luxemburgisch im Fokus

Die Luxemburger Sprache soll ab diesem Jahr jeden 26. September gefeiert und gefördert werden – und zwar mit Kulturevents, Aktivitäten und Diskussionsrunden. Das Programm der Erstauflage des „Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch“ wurde am Montag bei einer Pressekonferenz vorgestellt. „Sprache ist der Schlüssel zur Welt“, sagte bereits Wilhelm von...

KULTUR AM ALLGEMENGEN

Staffelfinale „And Just Like That”: Vergessene Vorläufer

Allzu schwer fällt er nicht, der Abschied von der Serie „And Just Like That“ – sie hat den Charme des Anfangs eingebüßt. Interessanter ist ein Blick auf die Ursprünge: Mit Mary McCarthys Buch „The Group“ fing alles an. Und einfach so ist alles vorbei: Mit dem Staffelfinale des „Sex and the City“-Sequel „And Just Like That“ schließt das...