D’Eva Paulin an de Serge Tonnar kucken am Fong guer kee Fernseh. Trotzdem, oder grad dofir, huelen d’Regisseurin an de Schrëftsteller am Stéck „Talkshow“ d’Phänomen Reality-TV satiresch ënnert d’Lupp.
De Public ass de Riichter zu Stengefort. Am Theatersall gesäit et aus wéi an engem Fernsehstudio a virun de Leit défiléieren mënschlech Schicksaler iwwert déi ee per faarweger Käertchen ofstëmme kann. Et ass en interaktivt Stéck. Fënnt de Jimmy Nilles seng Zwillingsschwester erëm? Verzeit dem Patrick Loos seng Ex-Fra him, dass heen am Soff en Akzident provozéiert huet, bei deem de Bouf gestuerwen ass? An däerf d’Madam Eva dat Kand behalen, wat si am Fong nëmme fir d’Famill Steiler ausdroe sollt? Eent ass sécher: Um Enn gëtt nëmmen ee gerett. Oder? „D’Liëwen ass ongerecht an „Talkshow“ ass eng Sendung iwwert d’Liewen“, sou annoncéiert de Serge Tonnar säi Stéck, wat hie schon 1999 geschriwwen huet. A well sou e Gespréich mat enger Zeitung och eng Zort Talkshow ass, huelen d’Eva Paulin an de
Serge Tonnar Plaz um bloe Canapé fir dat ze weisen – talk and show ass de Motto – wat si sech ausgeduecht hunn.
Et mierkt een deenen zwee Theatermenschen d’Roserei richteg un, déi si op d’Medien hunn. Zu Stengefort préparéieren si de grousse Coup, deen d’Menschheet aus de Kralle vun der véiereckeger Këscht befreie soll. An der Aler Schmelz ginn d’Tribünen opgeriicht, de groussen Ecran steet schonn, op deem dem Yann Tonnar seng Videoaspillungen dem Public d’Ae wäerten opmaachen. D’Eva Paulin reiwt sech d’Hänn.
Déi gebierteg Eistrräicherin inszenéiert gär kontrovers Stécker. Zu Lescht huet si dem Thornton Wilder säi „Wir sind noch einmal davongekommen“ als grouss Sitcom inszenéiert an där zickeg Acteur’en ëmmer erëm aus der Roll falen. Och a „Kopenhagen“ vum Michael Frayn huet si sech d’Fro gestallt no der Wourecht déi sech hannert der Fassad verstoppt.
De Serge Tonnar, 34 Joer al, Muséker an iwwerhaapt Allroundkënschtler, wëllt der Tëlee och net esou richteg trauen. A „Schlof Këndche, Schlof“, wat lescht Joer am Kader vum Act In Festival gespillt gouf a wat heen och selwer op d’Bühn vun der Aler Sëerei zu Dikkrech bruecht hat, verléiert sech eng Koppel an der falscher Welt vun enger Seefenoper. Zum Schluss ass souguer op de Sandmännche kee Verlooss méi. Deen ass jo awer d’Symbol vun engem Fernseh, dee sengem Public eng schéin a glécklech Welt wëll verkafen.
Déi zwee loosse sech net einfach esou Märecher verzielen. „Mediekritik ass mäin Hobby“, seet de Serge Tonnar. Net emsoss heescht seng Band och nach Zap Zoo. Firwat mecht heen déi Këscht dann net einfach aus? De Problem ass, erklärt heen, dass de Fernseh sech scho laang net méi einfach nëmme passiv kucke léisst, mee aktiv an d’Gesellschaft agräift an se verännert. D’Eva Paulin geet nach méi wäit a gesäit d’Tëlee souguer als Reliounsersatz an d’Talkshow als modern Variant vum Beichtstull: „D’Relioun gouf iwwer Joeren als Mëttel genotzt fir d’Léit roueg ze halen. D’Massemedien sinn elo an déi Bedürfnislück gesprongen.“
„Talkshow“ ass am Fong e ganzt witzegt Stéck. Mee der Eva Paulin an dem Serge Tonnar ass et doudeescht. Op der Affiche kuckt eng Figur mat enger blonder Parréck béisaarteg a mat geballtene Fäischt engem riicht an d’Aen. Vläicht hunn déi zwee jo e bessen zevill ronderem gezappt an duerch e medialen Overkill ass déi faarweg Welt um Ecran e beemol ze schwéier ginn, fir se op d’liicht Schëller ze huelen. „Fernseh ass net nëmmen Ennerhalung. Duerch esou eng Zort vun ‚Ennerhalung‘ gëtt de Publikum geeschteg lahmgeluecht an doduerch entsteet Frustratioun“, seet d’Regisseurin. Et wär net am Interessi vun de Medien fir d’Léit dozou z’encouragéieren eegen Iddi’en ze entweckelen, sou d’Eva Paulin: „D’Medie probéieren eis ofzelenken, fir dass mir vergiessen. Mee et ass een net op der Welt fir ze vergiessen.“
De Serge Tonnar gëtt sech och a senge Liddertexter gär gesellschaftskritesch. „Dressed to be killed“ heescht déi lescht Plack vu Zap Zoo. Et geet géint d’Krawattendréier, em déi déi am Dingscht vum Kapitalismus wéi Schof op d’Schluechtbänk, dat heescht op de Büro, pilgeren an ni froe firwat. Heen huet gudd schwätzen a sengem weiten Hiem, wat no Vakanz ausgesäit. Iwwerhaapt schengen heen an d’Eva Paulin sech guer net drun ze stéieren, dass si als Theatermenschen am Fong iwwert d’Medien uerteelen, mee a leschter Instanz awer selwer am Dingscht vun engem Medium stinn. „Theater ass eppes ganz aanescht wéi Fernseh“, seet de Serge Tonnar, „am Géigesaz zum Fernseh weess een am Theater ëmmer klor, wat Fictioun ass a wat net.“ Doriwwer kéint ee streiden, mee déi zwee wëllen net. D’Eva Paulin argumentéiert: „D’Stéck huet jo bewosst den Usproch fir d’Machinnatiounen vun de Medien opzedecken an d’Leit selwer un d’Nodenken ze kréien.“ Keng Gehiirwäsch soll „Talkshow“ sinn, mee en Ustouss.
Et ass trotz allem net ze ignoréieren, dass en Theaterstéck wat d’Tëlee op d’Schëpp hëllt am Fong open Dieren arennt bei engem souwisou mediekritesche Public. „De Stengeforter Festival huet e relativ breeden a gemëschtene Publikum“, seet d’Eva Paulin an de Serge Tonnar wénkt mam Kapp: „Duerch d’populär Form vun de Stécker, déi hei opgefouert ginn, hu mir vläicht d’Chance och aner Leit unzeschwätzen, net nëmmen dee klasseschen Theaterpublikum.“
D’Eva Paulin setzt un, fir eppes iwwert d’Inszenéierung ze zielen an de Serge Tonnar hält sech d’Oueren zou. Hee wëll näischt wëssen. Nodeems heen „Schlof Këndche, schlof“ selwer inszenéiert hat, däerf heen sech elo iwwerrasche loossen. Och fir de Public huet d’Opféierung sou munch Onerwaartes in petto. Et ass awer net zevill verroden, wann ee seet, dass de Schluss fatalistesch, bal schon zynesch ass. Dat léisst d’Eva Paulin net gëllen: „De Schluss ka guer net zynesch sinn, well en ass virun allem eent: Fake, fake, fake. De Misär ass just gespillt, a wat just gespillt ass, ka jo och net wéi dinn.“ D’Regisseurin grinst bal hannerlëschteg, wéi wa si sech géing freen dat onbarmhäerzegt Medium Tëlee mat den eegene Waffen däerfen ze schloen. De Serge Tonnar hëllt dat e besse méi cool, hee get souguer zou, dass och hee sech heinansdo vum Fernseh un der Nues eremféiere léisst. D’Eva Paulin rëselt de Kapp: „Ech kucken nëmmen de Fussball. Well am Fussball, do ass d’Welt nach an der Rei.“ Ganz eescht war dat wuel net gemengt.
Aanescht wéi an der „Truman Show“ gëtt et an der „Talkshow“ keng Dier am hellbloen Himmel zu däer ee kéint erausklammen an eng besser Welt, oder éischter aus der besserer Welt Fernseh eraus an dat richtegt Liewen. En Happyend wéi zu Hollywood wollte se keent. D’Eva Paulin an de Serge Tonnar sti virun der Aler Schmelz op der
Wiss a kucken iwwert d’Duerf: „Stengefort brauch keen
Happyend.“