An enger Lëtzebuerger Musekslandschaft, déi sech ëmmer méi verrennt, tëscht Emo Screamo, Retro an Ego bekenne sech déi zwee Avantgardiste vu Plakeg oder Ugedoen couragéiert zum Dada.

Mam Kapp widdert d’Scheif: de Moogy Meyer an de RenĂ© Lauer alias Plakeg oder Ugedoen.
„Du hues vergiess ze froen, wee vun eis de Plakegen ass a ween den Ugedoenen“, seet de RenĂ© Lauer, eng Halschent vum Duo Plakeg oder Ugedoen um Enn vum Interview. Dat wĂ©ilten d’JournalistInnen nämlech Ă«mmer als Ă©ischt wĂ«ssen. „A mat der Zäit fällt eis guer keng domm Ă„ntwert mĂ©i dorop an.“ Op hierem Internetsite www.plakeg.org proposĂ©ieren de RenĂ© Lauer an de Moogy Meyer verschidden Interpretatioune vum Wuert – den dĂ©iwe Kär vun deem Konzept hunn se sech allerdĂ©ngs net getraut eraus ze schaffen. „Dat kĂ«nnen dĂ©i gescheit Journaliste maachen“, seet de Moogy.
Da lass: Op „AbrĂ«llsdreck“, der Ă©ischter CD vu Plakeg oder Ugedoen, ginn et a Wierklechkeet zwou Zorte vu Lidder. DĂ©i „ugedinn“, dat heescht, dĂ©i, dĂ©i de RenĂ© och ka sengem klenge Jong owes virsange fir schlofen ze goen: „De PäiperlĂ©ck“, an deem et Ă«m e klenge PäiperlĂ©ck geet, oder „De grousse Wal“, an deem e grousse Wal am MĂ«ttelpunkt steet an de „BrĂ©iftrĂ©iesch Tun“, wou d’Geschicht vum Tun, engem BrĂ©iftrĂ©ier, erzielt gĂ«tt.
An da ginn et dĂ©i mĂ©i plakeg StĂ©cker, dĂ©i een u sech schonn net mĂ©i zweedäiteg kann nennen. „Mir nennen alles beim Numm“, seet de RenĂ©, an doranner läit och dee groussen Ennerscheed tescht Plakeg oder Ugedoen an anere Spaasskanoune wĂ©i dem Fausti zum Beispill. Si hunn et net nĂ©ideg, sech hannert engem Feigeblat oder bĂ«llege Mokka- a Moss-am-Bic-Metapheren ze verstoppen. D’Lidd „Dackseschäiss“ handelt dofir och tatsächlech vun deem wat den Titel schonn undeit. An all StĂ©ck maachen doriwwer eraus dĂ©i entspriechend Sound-Effekter och deem kloer, Ă«m wat et geet, deen dat LĂ«tzebuergescht nach net ganz beherrscht. „A mir sinn net just an der Fuesend domm“, seet de RenĂ©. Aus där grenzeloser Witzegkeet entsprangen da Pärelen wĂ©i d'“EeĂ«rhaus“, ouni Zweiwel dat populärst Lidd vun deenen zwee – an och dat, bei deem souguer dem Andy Bausch seng ChĂ´meure gĂ©inge rout ginn.
Ausgedinn …
„Ech si frou, dass du de PäiperlĂ©ck gutt fĂ«nns“, freet sech de RenĂ©, „um Concert froen d’Leit nämlech Ă«mmer nĂ«mmen nom EeĂ«rhaus“. Dat ass fir den haaptberufflechen Agent de la coopĂ©ration beim Ausseministär duebel batter, well hee virun allem den Auteur vun deene mĂ©i Ă«mweltbewossten Texter ass. De Moogy, deen am Moment zu Sheffield u senger Dokteraarbecht schrĂ©ift, ass dogĂ©int zoustänneg fir d’Sauereien. Um Radio LRB goufen se senger Zäit souguer zensĂ©iert, an do konnt een d'“EeĂ«rhaus“ nĂ«mmen no nĂ©ng Auer owes hĂ©ieren. An der Regel schreiwen de Moogy an de RenĂ© net zesummen. Mee wann, da kĂ«nnt eppes dobäi eraus wĂ©i den Titel „Sexy Mähdrescher“, an deem et dem RenĂ© u sech sollt Ă«m eng landwirtschaftlech Maschinn goen – bis de Moogy sech agemĂ«scht huet. A lo heescht et: „Mähdrescher spruddel mech naass, lee mech douce mam RĂ©ck an d’Gras.“ D’Texter sinn awer Ă«mmer esou lĂ©if-naiv, dass ee guer net op d’Iddi kĂ©im, fir deenen zwee de Virworf vun der VulgaritĂ©it ze maachen.
Am Ufank wollten se eng Kanner-CD ophuelen, mat Lidder, dĂ©i si och bäi den Treffe vum Panda Club kinnte spillen, wou si heiansdo invitĂ©iert sinn. Fir dee Projet ze rĂ©alisĂ©ieren, deen se zĂ©ng Joer laang mat sech ronderem gedroen haten, hunn se sech HellĂ«f gefrot beim Serge Tonnar, schonn zĂ«nter laangem e Fan vum Duo. Dee war vun dem Konzept net begeeschtert. „Plakeg oder ugedoen, dat sinn och dĂ©i mĂ©i ruppeg Saachen, sot de Serge“, erklärt de Moogy. Dofir ass „AbrĂ«llsdreck“ um Enn eng Zort Best-of ginn, mat Lidder, dĂ©i de RenĂ© an de Moogy scho bei hierem Ă©ischten OptrĂ«tt 1993 am Gepäck haten.
Bei engem Nowues-Concours sollte si deemols am Fong als 4-Mann-Rockbänd optrieden, mee zwee dovun hu si kuerz virdrunn am Stach gelooss, an dofir sinn de RenĂ© an de Moogy alleng op d’BĂĽhn geklomm. Well et mam musikalesche KĂ«nnen net ganz wäit hier war – an nach Ă«mmer net ass – hu si abstrakt Texter op LĂ«tzebuergesch mat e puer Basis-Akkorder kombinĂ©iert an dat Ganzt mat Kabaretseinlagen opgelackert. Kuerz drop goufen se vun der nationaler Press schonn an de siwenten Himmel gehuewen, hiert „Wuermlidd“ war dräi Woche laang Nummer 1 an der Luxparade. Aus der grousser Carrière ass awer virleefeg näischt ginn, well dĂ©i zwee op d’Uni gaange sinn an sech dofir nĂ«mmen nach sporadesch gesinn hunn. „Mir hunn eis vill BrĂ©iwer geschriwwen“, seet de RenĂ©.
Mat de Lidder vun deemols identifizĂ©iere si sech och nach haut. „Deemols ware mer an der PubertĂ©it a mir hunn eis einfach keng Gedanke gemaach“, seet de Moogy, „an haut maache mer eis einfach keng mĂ©i.“ Traureg sinn si just e bĂ«ssen doriwwer, dass si net richteg eescht geholl ginn, souguer wann si et zur Ofwiesselung mol seriö mengen. „‚Fort mat dir‘ ass e richtegt Liebeslidd“, erklärt de RenĂ©, „mee tĂ«scht all deenen anere mengen d’Leit natierlech dat wär alles nĂ«mmen Ironie“. D’Ried kennt erĂ«m op de Fausti. „Dat SchlĂ«mmst ass“, mengt de Moogy, „dass de Fausti e richteg gudde MusĂ©ker ass an et am Fong guer net nĂ©ideg hätt fir Blödsinn ze maachen. Mee eis bleift näischt aaneschtes iwwereg.“
oder Agekleed
„Duerch d’Aarbecht un der CD si mer awer musikalesch vill weider komm“, seet de RenĂ©. Fir unzefänken hate si dem Serge Tonnar hir Lidder op e Mini-Disc opgeholl, ganz low-fi, mat der Botzfra, dĂ©i am Hannergrond mam Staubsauger gemaach huet. Den Endprodukt ass e gutt StĂ©ck mĂ©i polĂ©iert, dat virun allem och, well den Thierry Kinsch hannert dem MĂ«schpult de Lidder dee richtege SchlĂ«ff ginn huet. „Den Thierry huet direkt verstanen, Ă«m wat et eis gaangen ass a wĂ©i eis Musek misst klĂ©ngen“, seet de RenĂ©, „Wa mer probĂ©iert hätten, d’Gitarren all ganz propper opzehuelen an all StĂ«mme richteg anzesangen, da wäre mer ni fäerdeg ginn.“ Obwuel dĂ©i 16 StĂ©cker am Kär einfach Folk-Lidder sinn, virun allem op d’Gitarrspill opgebaut, ginn et an all Titel kleng Extra’en, dĂ©i fir Ofwiesslung suergen. Op et d’Plastiksperkussioun ass a „Plastik-Fabrik“ oder de punkege Remake vum „Kropemann“ – Plakeg oder Ugedoen produzĂ©ieren Abstruses, wat een tatsächlech e puer Mol lauschtere kann ouni dass et sech ofnotzt.
Souguer hir Eltere fannen d’Musek vu Plakeg oder Ugedoen mĂ«ttlerweil witzeg, och wann dem RenĂ© seng Mamm am Ufank net esou begeeschtert war. „Mir haten eng KĂ©ier eng Kassett mat 12 Lidder erausginn“, erklärt hien, „a fir meng Mamm a meng Bomi hate mer e puer Lidder einfach iwwerspillt“. Dem Moogy, alias Morgan Brian (fir Brian Jones) Meyer, säi Papp ass souguer ganz houfreg op dĂ©i mĂ©i graff Lyrik. „Heen huet fir meng Ă©ischt Bänd Texter op Englesch geschriwwen, mat zimlech krassen Undeitungen“, seet de Moogy, „an ech wollt einfach nach mĂ©i schlĂ«mm Saache schreiwe wĂ©i hien.“
WĂ©i et soll mat Plakeg oder Ugedoen wĂ©idergoen, dat wĂ«ssen se nach net. De Moogy wäert säin Doktorat fäerdeg maachen an dono vläicht am Ausland schaffen. D’Musek a seng FrĂ«ndin wäre gutt GrĂ«nn fir zu LĂ«tzebuerg ze bleiwen, mee sĂ©cher ass näischt. Op zwee Concerte wĂ«lle si lo mol ufänken, hir CD Ă«nnert d’Leit ze brĂ©ngen, dono gesi si weider. Den nächste Weekend drĂ©ine se e Videoclip mam Yann Tonnar hannert der Kamera. De RenĂ© huet schonn eng Iddi. „Ey, mäi Kolleg baut säin Haus Ă«m, an dofir huet hien zwee Presslofthummeren do, grad dĂ«se Weekend. Domat musse mer eppes maachen!“ De Moogy wĂ©nkt mam Kapp: „Jo, domat musse mer eppes maachen.“
„AbrĂ«llsdreck“ vu Plakeg oder Ugedoen ass fir 15 € ze krĂ©ien, entweder an de PlakkebuttĂ©ker oder op www.plakeg.org
Plakeg oder Ugedoen spillen haut Freiden, den 1. Abrëll um 21 Auer am Infoladen an der Kulturfabrik zu Esch an de Samsten, 9. Abrëll am Sang a Klang am Kader vun enger Soirée vun de Peace Brigades.

