SCHAUSPILL: „Mir brauchen eng nei Dynamik an der Kulturzeen“

D’Sängerin a Schauspillerin Sascha Ley gehéiert zu deene Leit, déi hir Passioun voll a ganz liewen an hire Wee konsequent ginn. D’woxx huet sech mat hir ënnerhal.

Sascha Ley (photo: Christian Mosar)

woxx: Du probéiers vun denger Konscht ze liewen. Wéi iwwerliews du sou als Fulltime-Artistin?

Sascha Ley: Heiansdo ass et schwéier an et huet ee kleng Duuschtstrecken. Mir si jo hei am Land all fräischaffend; ech sinn och zefridde mat dëser Situatioun a wollt dat ëmmer sou hunn. Ech fäerten lo net, wann ech gesinn, datt emol net souvill nokënnt, well ech jo am Fong ëmmer ze dinn hunn. Ech hunn d’Chance, datt ech souzesoen e puer Standbeen hunn, also d’Schauspill an d’Musek, a mech net verléieren. Woubäi déi zwou Passioune fir mech deeselwechte Stellewäert hunn.

Du hues a leschter Zäit wéineg Theater gespillt. Ass dat e Choix gewiescht oder kruuss de manner Saachen ugebueden?

Ech hunn ee Joer net méi gespillt an hunn lo ugefaangen fir en neit Stéck ze prouwen, vun deem d’Première Enn Oktober ass. Heiansdo ass et e Choix: Virun zwee bis dräi Joer hunn ech decidéiert, méi an d’Musek ze goen, woubäi et hei zu Lëtzebuerg net méiglech ass, alleng vu Concertën z’iwwerliewen. Et as einfach net genuch Publikum do an et kann een net oft genuch spillen. Dëst Joer huet sech a punkto Schauspill näischt erginn. Et kann awer och sinn, datt een einfach net an d’Besetzung vun engem Spill passt. De Regisseur oder den Theaterdirekter kucke wien sech am Beschten an den Ensemble afügt, an da kann et ganz einfach sinn, datt een net a Fro kënnt.

Du hues an der ¬Revanche“ matgespillt. Huet dat dir eppes bruecht, och Rollen am Ausland?

D’Revanche ass am Ausland nach net gelaf, an ech weess net, a wéi engem Mooss dat geplangt ass. Ech krut awer an Däitschland op der Berlinale de Shooting Star Präiss 2005. Et ass nun emol onmoosseg schwéier fir am Ausland Carrière ze maachen, an ech sinn och net vill anerwäerts bekannt. Et koumen zwar e puer Reaktiounen aus dem Ausland, wou am Endeffekt awer näischt Konkretes derbäi erauskomm ass. Et hänkt dann oft dorun, datt keng Suë fir déi Projetën do sinn. Ouni Agent ass et souwisou onméiglech, an déi meeschten Theateren hunn net d’finanziell Méiglechkeeten, nach nei Leit ze engagéieren. Ech hunn awer festgestallt, datt elo méi Leit op d’Concertë kommen, déi soss villäicht net komm wieren. D’Leit gi wahrscheinlech virwëtzeg duerch déi staark Mediepräsenz, déi ech a leschter Zäit hat.

De Kulturministär ass am Gaang e Koup Subsiden fir Kënschtler ze sträichen …

Ech fannen dat eng zimlech Katastroph; et gëtt och guer net richteg suivéiert wat hei iwwerhaapt gemaach gëtt. Et ass kulturméisseg an deene leschten zéng Joer vill gelaf, an elo kënnt et zu enger Art Stëllstand. Dat fannen ech immens schued. Et misst sech rëm alles erneieren an eng nei Dynamik an déi ganz Kulturzeen kommen. Et feelt u jonke Leit an déi mussen och ënnerstëtzt ginn. Kultur ass dach och eng Visitekaart fir e Land, an d’Kënschtler musse promouvéiert ginn. Et ass an deene leschte Joeren vill an Infrastrukturen investéiert ginn, mee lo muss een déi Plazen, déi sou geschafe gi sinn, och mat Kultur fëllen. Suen an en anstännege Kader an an d’Bühnebild ze investéieren, gehéiert och dozou. Meeschtens feelt et net un deenen néidegen Iddien, mee un de Mëttelen fir eppes op d’Been ze stellen.

Ass Theater out?

Mengem Gefill no ginn d’Leit am Moment net vill an den Theater an ech hunn d’Impressioun, datt déi méi populär Stécker méi Succès hunn a besser besicht sinn. Et ass och wichteg, datt an de Medien vill iwwert d’Theaterstécker geschwat gëtt an datt se annoncéiert ginn. D’Leit musse virwëtzeg gemaach ginn. An do mussen och d’Produzenten sech Gedanke maachen, wéi se de Publikum an den Theater kréien. Dat muss net nëmme mat liichtem Kascht sinn, woubäi ech dat guer net negativ mengen, mee ka mat enger Programmatioun geschéien, déi souwuel populär wéi och usprochsvoll Stécker ubidd. Wahrscheinlech muss och rëm méi experimentéiert ginn. Jiddefalls musse nei Schauspiller kommen, déi dat Ganzt rëm opmëschen, fir datt eng Dynamik entsteet.

Wat fir eng Roll géifs du gäere spillen?

Eng Roll, déi mech ëmmer faszinéiert huet, ass d'“Fräulein Julie“ aus dem August Strindberg sengem Stéck. An och dem Tschechow seng Theaterstécker fannen ech immens; zemools „Drei Schwestern“ hunn ech schrecklech gären. Et si queesch-peppeg Madamen, déi ech gären interpretéieren. Da ginn et och Perioden, wou ech gär méi eppes klassesches wéi Shakespeare oder dann erëm méi eppes experimentelles, kierperleches wëll probéieren.

Wat bréngt et dir wann s de spills?

Et gëtt sou e spezielle Moment wou ee sech selwer vergësst. Dat kënnt, wann et kënnt, meeschtens réischt no e puer Prouwen. Dat sinn déi Momenter wou ee kann ënnerdauchen a wou ee wierklech fort vu sech ass. Dee Moment, wann ech op eemol eppes denken oder ee Jugement maachen, an da mierken, datt ech dat net selwer war, mee de Personnage! D’Faszinatioun, mech mat Situatiounen auserneenzesetzen, déi baussent vu mir sinn. An awer ass et och en Deel vu mir selwer, well déi Informatiounen, fir d’Roll ze gestalten, huelen ech jo och aus mir eraus. Och am Spill mat deenen aneren zesummen entsteht eng immens Freed.

Interview: Michèle Backes


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.