Reegelwierk fir d’Liicht Sprooch

von | 19.06.2026

Holzplättchen, die den Satz “Keep it simple” formen.

Liicht Sprooch soll op eng einfach Manéier Informatioune vermëttelen. (Foto: Brett Jordan/ Unsplash)

Leschten Dënschdeg huet den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) seng éischt Broschür fir d’Liicht Sprooch Lëtzebuergesch mat Reegelen a Recommandatioune fir eng inklusiv Kommunikatioun ouni sproochlech Barriäre publizéiert. De Kulturminister Eric Thill bezeechent d’Liicht Sprooch am Pressecommuniqué als e „konkreete Schrëtt a Richtung méi Inklusioun a méi Chancëgläichheet“. Liicht Sprooch ass eng inklusiv Manéier Texter zu schreiwen, déi esou opgebaut sinn, datt d’Lieser*innen all Informatioune séier an direkt verstinn. Dëst Zil gëtt ënner anerem erreecht, andeems een einfach a geleefeg Wierder benotzt a schwéier Begrëffer direkt erkläert. D’Sätz solle kuerz an de Sazbau einfach sinn. Och de Layout, Biller a Piktogrammer an d’Gréisst vun de Buschtawen spillen eng signifikant Roll. D’Liicht Sprooch déngt virun allem dozou, admini-
strativ Texter mä och aner relevant Informatioune wéi Noriichte fir Leit mat Liesproblemer accessibel ze maachen. Dozou gehéiere Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung, enger Demenz, enger Aphasie oder enger Séibeanträchtegung – awer och Ufänger*innen am Lëtzebuergeschen. Laut ZLS ass d’Nofro no Texter a Liichter Sprooch an allen dräi offizielle Sproochen an de leschte Jore massiv geklomm. Dofir huet den ZLS zesumme mat Expert*innen a Liichter Sprooch a mat Berodung duerch Leit mat intellektuelle Beanträchtegungen elo dës Broschür erausginn.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

« Il faut assurer l’effectivité de la directive »

L’Initiative pour un devoir de vigilance et la Commission consultative des droits humains (CCDH) ont présenté dix recommandations afin d’assurer « l’effectivité » de la transposition de la directive européenne sur le devoir de vigilance. Actuellement, les victimes de violations de droits humains ou environnementaux survenues au long des...

NEWS

Klima-Aktion zur „Rentrée“ am Sonntag

Das Klimakollektiv (Kliko) ist wieder aktiv: Nach einer rund einjährigen Pause rufen die Aktivist*innen zusammen mit „Move“, der Jugendorganisation des Mouvement écologique, zu einer satirischen Aktion auf. Pünktlich zur „Rentrée politique“ organisieren die beiden Gruppen am Sonntag dem 13. September „eine Art Tafelrunde“, um auf die Folgen...

NEWS

PISA 2025 : pas seulement interdire le smartphone

Les résultats de PISA 2025, publiés le 8 septembre 2026, confirment un recul des compétences au Luxembourg, qui suit la même tendance que les autres pays de l’OCDE. En lecture, le pays chute de 470 points (2018) à 443 points, soit un retard de plus d’une année scolaire. Depuis 2015, la part des lecteur·rices en difficulté a augmenté de 13...