All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Als lëtzebuergesch Journalistin zu enger russescher Kueleminn recherchéieren, dat ass net esou alldeeglech. D‚Minn vun Arshanovsky, eng vun deene gréisste Kueleminnen a Russland an als „carbon bomb” klassifizéiert, huet ee Lien mat Lëtzebuerg. Zanter 2022 gëtt et westlech Sanktioune géint Russland, déi och d‚Kuel betreffen. D‚woxx–Journalistin María Elorza Saralegui huet dowéinst eng grouss Recherche zu dëser Minn gemaach. Am Podcast erzielt si, wat si rausfonnt huet – dorënner och ee méigleche Verstouss géint d‚Sanktiounen.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Charbon russe : Sur les traces de la poussière noire
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

