All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
D’Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d’medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch Informatiounen. Mä et ginn ONGen, déi versichen, den Tabu ze briechen, esou zum Beispill „Lëtz Menopause“. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet mat hinne geschwat. Am Podcast erzielt si, wat déi gréisste Problemer ëm d’Menopause zu Lëtzebuerg sinn.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: La ménopause : une transition encore mal comprise
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

