Carte Blanche op RTL: De Brexit, eng europäesch Method?

von | 17.01.2019

Zwee Joer gouf verhandelt a getrickst, an elo soll awer alles, an e puer Wochen, nees anescht ginn: De Brexit, léist um europäesche Modell verzweifelen.

Keng Angscht: Et geet hei net ëm de x-ten Kommentar zur Fro op een dann elo fir oder géint de Brexit soll sinn. Diskutabel ass allerdéngs d’Aart a Weis, wéi di britesch Politik an d’Europäesch Union mat dem Austrëttsverfaren ëmginn.

Do ass zum engen ee reng consultative Referendum. Mat onerwaart negativem Ausgang, awer net an dem Mooss, datt iwwer d’Halschent vun de Briten sech aktiv fir en Austrëtt aus der EU ausgeschwat hätten.
Ee Stëmmungsbild war et sécher. Allerdéngs wësse mer och, datt vill britesch Staatsbierger net konnte matstëmmen, well si ze laang vun doheem fort waren, oder et ënnerlooss hunn, well d’Sondagen dem Nee keng Chance ginn hunn.

Deemools war och net onbedéngt kloer, wat de Brexit fir rechtlech Konsequenzen am Eenzelen huet.
Nom 23. Juni 2016 ass opgefall, wéi schnell och Bréissel an d’Logik vun engem tatsächleche Brexit ëmgeswitcht huet. „Endlech si mer se lass“, soten dunn, zwar „of the records“, gestanen Europapolitiker, déi dat éiwegt Kregéils vun der Insel sat haten.

Och d’Briten hunn sech ganz rapid enger Brexit-Logik erginn. Allerdéngs ass an deenen éischte Méint kaum eppes geschitt. Eréischt am Mäerz 2017 ass Demande offiziell ginn, wat dunn di Frist vun zwee Joer declenchéiert huet. Virdru gouf nach driwwer gestridden, op d’britescht Parlament iwwerhaapt misst gefrot ginn, fir de Brexit unzestoussen. Duerno sollten Neiwalen der Theresa May, eng méi stabil Verhandlungsmajoritéit verschafen. Och dat goung schif aus.

Du koume Verhandlungen bei deenen di eigentlech Unhänger vun engem Brexit no an no aus der Regierung ausgescheet sinn, an zum Deel Brexit-Géigner op eemol hu missen eppes verhandelen, wat se eigentlech net wollten. Di Kakophonie geet awer net nëmmen op de Kont vun der politescher Elite op der Insel.

Datt d’europäesch Verträg keng kloer Bestëmmunge virgesinn, wat bei sou engem Austrëttsverfaren alles soll beuecht ginn, z.B. d’Rechter vun de betraffene Bierger, huet jo di ganz politesch europäesch Klass ze veräntwerten.

Grad de Wee zu engem „softe“ Brexit ass néierens beschriwwen.

„Fir et den EU-Géigner an net ze einfach ze maachen“ gëtt gären argumentéiert. Et ass awer leider net esou, datt déi de Moment méi schlecht Kaarten hätten, wéi nach virum Brexit-Theater.

Fir eng propper, demokratesch Léisung bleift elo ganz wéineg Zäit. Fir en zweete Referendum, de vu villen, vläicht jo esouguer enger Majoritéit, verlaangt gëtt, gëtt et knapp. Da misst jo kloer si fir, oder géint, wat een sech genau ausschwätzt.

On och ee „plan B“ setzt viraus, datt d’Verhandlungsfrist verlängert gëtt. An da stellen sech schonn di nächst Froen. Ginn, zum Beispill, d’Briten dann awer nach mat an d’Europawahl – si wären och dann nach vollwäertege Member vun der EU?

D’Europagéigner reiwen sech weider d’Hänn, well alles wat de Brite fir e „softe“ Brexit zougestane gëtt, hir Exit-Pläng méi attraktiv mécht.  Sou gesi wier en Non-Brexit dach awer di beschte Léisung – awer sou ee Kommentar wollte mer eis jo eigentlech hei erspueren.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...