Am Bistro mat der woxx #237 – Mir huelen d’Cannabis-Legaliséierung ënnert Lupp

von | 05.05.2023

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’lescht Woch huet d’Regierung hiert Konzept fir d’Legaliséierung vu Cannabis zu rekreativem Gebrauch virgestallt. Et wäert an dëser Legislaturperiod zu kengem Gesetzesprojet kommen, fir dat ëmzesetzen. Am Podcast schwätze mir iwwert Fro, wisou et fënnef Joer gedauert huet an trotzdeem just ee Konzept erauskommen ass. Ausserdeem diskutéiere mir, ob een Alkohol net och vill méi streng misst reguléieren, nodeems beim Cannabis eng streng Kontrollkette virgesinn ass. Ee Bléck op déi kommend Walen an de Walkampfthema Cannabis werfe mir och.

Link zum Artikel, iwwert dee mir schwätzen:
Cannabis-Legalisierung: Ausgedämpft?

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...