Am Bistro mat der woxx #338 – Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?

von | 06.06.2025

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwiereg, als aarm Persoun am ëffentleche Raum ze existéieren, mä och fir Aktivist*innen a Journalist*innen kéint et séier geféierlech ginn. D’María Elorza erkläert, wat déi wichtegst Kriticken um Platzverweis sinn, wien se geäussert huet a wat den Zesummenhang mat anere geplangte Gesetzer ass.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Sozialpolitik: Von einem Platz auf den anderen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...