Am Bistro mat der woxx #368 – Umgehungsstrooss Niederkerschen

von | 16.01.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezweifelt dobäi net nëmmen d’Kompensatiounsmoossnamen, mee och d’Grondargumenter vun der Regierung.

Iwwer d’Geschicht vum Projet, d’Alternativen zur Trass an d’juristesch Klo, schwätzt d’María Elorza Saralegui mat der Melanie Czarnik an dëser Episod.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Umgehungsstraße Niederkerschen: In Richtung Sackgasse

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

KLIMAPODCAST

Am Bistro mat der woxx #367 – EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot...

KLIMAPODCAST

Am Bistro mat der woxx #366 – Wunderwaffe CO2-Speicher?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen...

ËMWELTPODCAST

Am Bistro mat der woxx #365 – Bodenschutz: Op wackelegem Buedem

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16....