Am Bistro mat der woxx #385 – Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll

von | 15.05.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale Strukturen net eens ginn, oder guer net emol an dëse System kommen, zum Beispill well si sech schummen. Och de Phänomen, datt beispillsweis Leit, déi op der Strooss liewen, ee stännegen Eran-an-Eraus a Psychiatrien erliewen, soll domadder opgebrach ginn. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik dem Joël Adami, wat et mat dem Projet op sech huet, wisou en am Moment op de Norde vum Land konzentréiert ass a wisou d’Hoffnunge ganz grouss sinn.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Psychiatrische Versorgung: Flexible, aufsuchende Unterstützung

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...