Am Bistro mat der woxx #387 – KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?

von | 29.05.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d’Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d’Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D’Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin geschwat, deen als ee vun den éischten am däitschsproochege Raum iwwer KI-assoziéiert Wahnphänomener geschriwwen huet. Am Podcast erkläert d’Melanie Czarnik der María Elorza Saralegui, wat et mat dësem neie Fuerschungsfeld op sech huet a iwwer d’Fro, déi Augustin am meeschten ëmdriwwt: Ab wann hale mir eng Maschinn net méi fir e Wierkzeeg, mä fir e Géigeniwwer?

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: KI-Wahn: „Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?“

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...