Podcast: Am Bistro mat der woxx #162 – Wéi gutt si Fraen an der Lëtzebuerger Press vertrueden?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Frae si rar an de Lëtzebuerger Medien. Dat ass aus der Auswäertung vum Global Media Monitoring Project 2020 erauszeliesen. De Projet ënnersicht déi medial Representatioun vu Fraen a Männer. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli doriwwer, wou Fraen iwwerhaapt vertruede sinn, wat d’Aluedungspolitik vu Medien dorunner ännere kann a wou och de Rapport seng Schwaachstellen huet.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #161 – Lëtzebuerger Kultur op der Weltausstellung zu Dubai

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’europäescht Parlament huet am September zum Boykott opgeruff, d’Kënschtler*inne vu Richtung22 protestéieren säit zwee Joer géint d’Bedeelegung vun der lëtzebuergescher Kulturzeen – an awer huet den 1. Oktober d’Weltausstellung zu Dubai ugefaangen a Lëtzebuerg ass dobäi. Am Januar 2022 ass dann de groussen Optrëtt vum nationalen Kënschtlerkollektiv am Lëtzebuerger Pavillon. Wat gëtt gewisen? Wéi vill Kritik un de Menschenrechtsverletzunge vun de Vereenten Arabeschen Emirater fënnt sech an de Wierker? A wéi geet Kulturexport ouni Nation Branding? Dësen an aneren Froen ass d’Isabel Spigarelli no gaangen a diskutéiert mam Tessie Jakobs, wat fir Äntwerten d’Kuratore vum Konschtprojet souwéi Richtung22 parat haten. mehr lesen / lire plus

Podcast-Empfehlung: The Dropout: Elizabeth Holmes on Trial

Der investigative, hochspannende Podcast „The Dropout“ geht der Frage nach, wie die frühere Unternehmerin Elizabeth Holmes sowohl Investor*innen als auch Patient*innen 13 Jahre lang hinters Licht führen konnte.

Copyright: ABC

Wie viele Silicon-Valley-Titane war Elizabeth Holmes gut darin, einen Mythos um ihre Person zu spinnen: Nachdem sie bereits in der Schule als überdurchschnittlich fleißig und ehrgeizig herausstach, brach sie 2003 mit 19 Jahren ihr Studium an der Stanford University ab, um das Startup-Unternehmen Theranos zu gründen. Ihr Plan: Eine Maschine entwickeln, die anhand eines einzigen Tropfen Bluts hunderte Krankheiten erkennen kann. Bluttests, so versprach Holmes, sollten unkomplizierter, zugänglicher und günstiger werden als je zuvor. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #160 – D’RTL-Konventioun an d’Zukunft vum Mediepluralismus zu Lëtzebuerg

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

50 Prozent esou vill wéi virdrun: D‘Konventioun tëscht Staat an RTL bedeit, datt de Sender fir säin „service public“ wesentlech méi Sue wäert kréien. Dat ass d‘Thema vum woxx-Podcast dës Woch. Mam Richard Graf diskutéiert de Joël Adami iwwert d‘Fro, wat dat fir Implicatioune fir de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg, dee laut dem „Media Pluralism Monitor“ souwisou schonn a Gefor ass, huet? Ausserdeem ass Thema, wéi eng Aufgabe wäert RTL an Zukunft wäert iwwerhuele mussen a wat dat fir aner Radiosendere wéi den 100,7 oder den Radio Ara heescht? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #8 Feminismus, Migratioun a Spaghetti

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech: D’Karma Catena (C’est Karma) schwäermt vu Nuddelen, schwätzt iwwert Dresscodes an hirer Famill hir Migratiounsgeschicht. Wisou Spaghetti méi wéi ee Liblingsiesse sinn a wat et heescht, als Musekerin mat portugisesche Racinnen zu Lëtzebuerg grouss ze ginn.

Copyright: woxx

Fir d’Karma Catena (C’est Karma) si Spaghetti de Popstar, d’Madonna um Iessteller – mä si sinn och Ausdrock vu Klassenënnerscheeder, Kapitalismus an Aarmut. Déi jonk Musekerin huet dem Isabel Spigarelli vun der woxx erzielt, wat Pool Partye mat der Debatt ëm den Dresscode am Diekircher Lycée ze dinn hunn, wisou kee sech leeschte kann, net iwwert d’Klimakris ze schwätzen a wéi wäit d’Caissière souwéi d’Kamera aus dem Video zu hirer neier Single „Spaghetti on repeat“ villes iwwert portugisesch an italienesch Migratiounsgeschichten zu Lëtzebuerg aussoen. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #159 – Ouni Mask an d’Schoul – wat heescht dat fir d’Infektiounszuelen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mat der Rentrée, déi dës Woch war, fält d’Maskepflicht an de Schoulen. Heescht dat, datt elo all d’Schüler*innen sech mat Covid-19 wäerten infizéieren? Am Podcast schwätzen d‘Tessie Jakobs an de Joël Adami doriwwer, wat dës néi Politik vum Claude Meisch am Detail heescht an wat fir Argumenter dofir schwätzen, datt d’Schüler*innen elo keng Mask méi mussen undoen. Ausserdeem diskutéieren si iwwert Impfcampagne an de Schoulen an soss an der Gesellschaft an iwwert d’Enn vum Large Scale Testing a wat et bedeit, wann et ouni Verdacht keng gratis PCR-Tester méi ginn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #158 – Diversitéit a Rollespiller

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Muskuléis Helden, weis Magier a charmant Barde – esou stellt een sech eng Rollespill-Ronn dacks vir. Mä wou bléiwen do Fraen, queer an aner marginaliséiert Mënschen? Am Podcast schwätzt d’Tessie Jakobs mam Joël Adami doriwwer, wat Rollespiller sinn, wisou hien doriwwer geschriwwen hunn a wéi d’Zeen lues a lues méi divers gëtt.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #157 – Wisou vill Zëmmer an Altersheemer keng eegen Toilette hunn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zanter 2010 muss all Zëmmer an Alters- an Fleegeheemer een eegent Buedzëmmer hunn. Elo ass awer bekannt ginn, datt bal 500 Zëmmeren zu Lëtzebuerg net dësem Standard entspriechen. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli iwwert eng Ministerin, déi de Problem net wierklech gesäit, rose Konsumenteschützer*innen a ganz beonrouegend Aussiichten.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #156 – Wisou Tempo 30 eng gutt Iddi ass

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

A ville Länner an och an eenzele Stied gëtt flächendeckend Tempo 30 an den Uertschaften agefouert. Zu Lëtzebuerg huet sech dës Iddi awer nach ëmmer net duerchgesat. D‘Isabel Spigarelli schwätzt am Podcast mam Joël Adami doriwwer, wisou een sech vun engem „gréngen“ Mobilitéitsministere méi erwaarde kéint a wat d‘Virdeeler vun esou enger Mesure wieren.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #155 – Wat ass OpenStreetMap?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi aktuellst an detailléiertst Kaart vun der Welt. Mat deene Wierder beschreift sech de Projet OpenStreetMap selwer. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d‘Tessie Jakobs dës Woch doriwwer, ob dës Beschreiwung zoutrëfft an wat d’Vir- an d’Nodeeler vun der „Wikipedia vun der Kaarten“ sinn. Ausserdeem gitt dir gewuer, wéi mat ëmstriddene Grenzen ëmgaange gëtt.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #7 Streaming vs Kino

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech – a wa mir schonn um Canapé setzen, da schwätze mir och mol iwwert Netflix a Co. D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli vu der woxx denken haart iwwert Streaming, Kino a Fernsee no: Wiem seng läscht Stonn huet geschloen? An ass alles Schrott, wat net am Kino leeft?

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/woxx

Streaming-Déngschter fir Filmer a Serien si aus dem Alldag vu ville Mënschen net ewech ze denken. Huet de Kino dofir ausgedéngt? D’Tessie Jakobs a d’Isabel Spigarelli vu der woxx mengen net – a si erkläre wisou. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #154 – De Konflikt ronderëm den Ernährungsrot

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den Ernährungsrot sollt een Instrument sinn, datt et erlaabt, datt déi vill verschidden Acteuren aus dem Ernährungs- an Agrarsecteur sech un een Dësch setzen an zesumme Léisunge sichen. Dobäi sollten och Bierger*innen mat agebonne sinn. D’ONG Cell schléit allerdéngs Alarm: Vun hirer ursprénglecher Iddi wier beim Virschlag vum Landwirtschaftsministère net méi vill iwwreg bliwwen. Dat huet laut woxx-Recherchen zu Spannungen an der Koalitioun gefouert. Am Podcast schwätzt dës Woch de Joël Adami mam Tessie Jakobs iwwert Hannergrënn.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #153 – Pegasus, NSO a wat Lëtzebuerg domadder ze dinn huet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’NSO Affär, och Pegasus Project genannt, huet an deene leschten Deeg vir vill Opreegung gesuergt. A wéi bei all internationalem Skandal ass och dës Kéier Lëtzebuerg mat involvéiert. Allerdéngs huet NSO net nëmmen eng geschéckt Steiervermeidungsstruktur op der Lëtzebuerger Finanzplaz opgebaut, mä et gëtt och eng Firma, déi net esou ass, wéi déi aner. De Luc Carregari huet fir d’woxx recherchéiert an erausfonnt, datt déi Software verkaaft an entspriechend Trainingen ugebueden huet. Wat et soss zu der Affär NSO a virun allem der Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung ze soe gëtt, huet hien dem Joël Adami an eisem Podcast gezielt. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #152 – Fälleg Ännerungen um Filiatiounsgesetz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Scho säit 2013 ass Filiatiounsgesetz op dem Instanzewee. Nodeems d’Justizkommissioun 2017 Ännerunge virgeschloen hat, huet de Staatsrot lescht Woch e weideren Avis zum Text verëffentlecht. Begleet war en vun engem weideren Avis, nämlech deen zum „Accès aux orgines“ – e Gesetz, iwwert dat an de leschte Méint virun allem geschwat gouf, well d’ADR déi inklusiv Formulatiounen als „d’Ofschafe vum Papp an der Mamm“ begräift. De Staatsrot stéiert sech zwar net um „autre parent de naissance“, dofir awer u villen aneren Aspekter vun de Gesetzesprojeten. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #6 Kulturjournalismus zum Abschied

Maacht Iech et gemittlech, mir hunn eng nei Episode vum Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ fir Iech: Iert de Luc Caregari nächsten Mount bei Reporter wiesselt, plaudert hien nach e Mol aus dem Nähkästchen a kuckt op 15 Joer Kulturjournalismus zréck. Mam Isabel Spigarelli schwetzt hien iwwert Monsteren, de Pig Gate a doriwwer wat de Serge Tonnar mat Schluss maachen ze dinn huet.

Virun engem gudde Joer huet d’Isabel Spigarelli dem Luc Caregari bei der woxx d’Koordinatioun vu de Kultursäiten ofgeholl. Ënn des Mounts verléisst de Luc d’woxx a wiesselt bei d’Online-Zeitung Reporter. Virdru péckt den alen Hues awer nach déi eng oder aner Anekdot aus 15 Joer Kulturjournalismus aus: Et gouf gemotzt, Schwäi giess a net bezuelt, gelunn a geraibert. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistrot mat der woxx #151 – Reform vun den ASBLen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Am Podcast vun dëser Woch hunn de Luc Caregari an de Richard Graf iwwer de Gesetzesprojet geschwat, deen asbl’en a Fondatiounen reegele soll. De Regierungsrot huet viru kuerzem eng Rei Amendementer ugeholl, déi leschten Dënnschden der Press virgestallt goufen. Wéieng sinn dat a wat kéinten d’Grënn sinn, dass no ville Joeren lo nees Beweegung an den Dossier rakënnt?

 

 

 

 

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #150 – Trans an intersex Persounen am Profisport

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An zwou Wochen trëtt mat der Gewiichtshiewerin Laurel Hubbard fir di éischte Kéier an der Geschicht eng oppe liewend trans Fra bei den Olympesche Spiller un. Déi emstridden Décisioun ass dorop zeréckzeféieren, dass d’Sportlerin während iwwert engem Joer en niddregen Testosteronwäert virweise konnt. Vun der sougenannter Testosteronreegel sinn awer net just trans Persounen betraff: Intergeschlechtlech Fraen mat héigem Testosteronwäert kréien ëmmer erëm ennersot géint Fraen unzetrieden. Dobäi ass d’wëssenschaftlech Basis fir dës Décisioun emstridden. D’Tessie Jakobs huet dës Woch iwwert dat komplext Thema geschriwwen an diskutéiert am Podcast mam Joël Adami iwwer den Impakt vun der Testosteronreegel a firwat se vu Mënscherechler*innen kritiséiert gëtt. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #149 – D’Affär Luxletters erkläert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass souzesoen de Nofollger vu LuxLeaks: Mat den Luxletters ginn eng weider Kéier Steiertricken zu Lëtzebuerg opgedeckt. Déi sinn net méi esou offiziell wéi d’Tax Rulings, mä fir grouss Firme sinn se komfortabel. Am Podcast erklärt de Luc Caregari dem Joël Adami, wéi dat neit Instrument mam Numm Information Letters funktionéiert, wéi een d’Reaktioun vun der Regierung verstoe kann a wat dat ganzt fir d’Zukunft vun der Finanzplaz heescht.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #148 – Entreprisen géint den Devoir de vigilance

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dräi europäesch NGOen hunn ee Rapport verëffentlecht, an deem si duerleeën, wéi europäesch Lobbyorganisatiounen an der EU Stëmmung géint een Devoir de vigilance maachen. Am Podcast schwätzt de Luc Caregari mam Joël Adami driwwer, wéi dee Bericht zustane komm ass, mat wat fir Argumenter d’Industrie Lobby géint den Devoir de vigilance mécht a wat fir een duebelt Spill déi lëtzebuergesch Fedil an dem Thema dreift.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #147 – D’Colleuses am Kampf géint Feminiziden

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der Stad hänke Plakater, déi op Gewalt géint Fraen an op Feminiziden opmierksam maachen. Messagen, déi am Fong net fir vill Kontrovers suerge sollte – an trotzdeem sinn d’Aktivist*inne vum collectif des colleuses staatlech Repressioun ausgesat. De Luc Caregari huet si fir d’woxx getraff an erzielt am Podcast dem Joël Adami, wat et mat der Affär op sech huet a wisou d’Stad Lëtzebuerg Plainte géint e puer feministesch Plakater gemaach huet.

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus