Chrëschtdagsgeschicht: Hallwer Chrëschtdag

Nodeems d’Maiki seng Plaz bei der Zeitung verluer hat, koum d’Iddi op, dass hatt sech kéint ëm d’Tatta Nan këmmeren. D’Tatta Nan ass bal esou al wéi d’Zeitung, d’lescht Joer huet si hir 90 gefeiert. Just dass d’Tatta Nan fir hiren Alter deementspriechend besser a Form ass.

D’Maiki hat gemengt, dass hatt bis an all Éiwegkeet géif bei der Zeitung schaffen. Ëmmerhi war et eng kathoulesch Zeitung an als kathoulesch Zeitung misst een am Fong e privilégiéierten Zougank hunn zum éiwege Liewen. Leider ass dem Maiki ze spéit opgefall, dass d’éiwegt Liewen normalerweis eréischt nom Dout ufänkt. Hatt war ni esou kathoulesch wéi d’Zeitung. D’Tatta Nan ass och net kathoulesch.

Wat wëlls du fir Chrëschtdag, Nan?, freet d’Maiki.
E Xylophon.


Hir Äntwerte passen net ëmmer bei d’Froen, déi ee stellt, dofir muss d’Maiki sech heiansdo aner Froen ausdenken. Virun e puer Méint nach war dat säi Beruff, sech Froen auszedenken an dann d’Äntwerten ze notéieren. Hatt huet wichteg Leit interviewt oder op d’mannst Leit, déi eppes ze soen haten. D’Nan ass elo déi wichtegst, well momentan déi eenzeg Persoun, a sengem Liewen.

D’Maiki ass fräischaffend. Dat kléngt spektakulär a souguer e bëssen anarchistesch, mee et heescht haaptsächlech, dass d’Zeitung fräi ass, him Aarbecht ze ginn oder net. „Dieu est, donc l’homme est esclave. L’homme est libre, donc il n’y a point de Dieu. Je défie qui que ce soit de sortir de ce cercle, et maintenant, choisissons”, huet de Bakunin geschriwwen. De Mann ass net onëmstridden. D’Maiki huet Geschicht studéiert a Russesch, d’Aarbechter an d’Revolutiounen, ëmmer „mention très bien”, eng Streberin a Saachen Anarchismus, all dat fir bis heihinner ze kommen, ouni Aarbecht an ouni Revolutioun.

A well hatt elo fräi ass, mee net räich, muss d’Maiki eng Chrëschtdagsgeschicht schreiwen. 14.000 Zeeche mat Espacen. Villäicht kéint hatt och einfach 14.000 Espacen mat Espacen ofliwweren, Mut zur Lücke, den neie Minimalismus, wéi am Ikeaskatalog, Regaler, an deenen déi meescht Gefaacher eidel sinn, d’Regal ass net méi Mëttel zum Zweck, mee Zweck u sech. Dat wier dann eng Zort sozialkritesche Statement, einfach zwou eidel Säiten, lo wou et Chrëschtdag souwisou net méi schneit, eng schluetwäiss Decke fir sech dekorativ doheem iwwert d’Fënsterbried ze leeën. Esouguer en Titel hätt hatt schonn: White Christmas. Passe géif et. Eidel Plaze maachen eidel Säiten.

Haut de Moie louch en décke Katalog an der Boîte vun engem lëtzebuergesche Supermarché, voller Saachen, déi d’Maiki sech fir Chrëschtdag net ka leeschten. Dat kéint och grad esou gutt e Koup wäisse Pabeier sinn, e Stapel vun all deem wat et dëst Joer fir Chrëschtdag net gëtt. D’Maiki freet sech, ob dat net dekadent ass, an dësen Zäiten, wou keng Sue méi do si fir Artikelen oder Flegepersonal, esou vill Geld auszeginn fir blénkeg Fotoe vu bleecher Gänseliewer an doudege Crustacéeën mat dréiwen Aen. Mee villäicht gi soss d’Dréckereie faillite an dat wëll d’Maiki och net. Am Kapitalismus ass de Räichtum wéi haarde Botter, e verdeelt sech just schwéier an onreegelméisseg.

Neen, mee seriö, Nan, wat wëlls du fir Chrëschtdag?
Chrëschtdag ka mech muschelen.


Si sinn dat eenzegt Haus an der Strooss ouni Chrëschtdagsdekoratioun. D’Noperen hu sech en opblosbare Kleesche virun d’Dier gestallt, dee vum wotleche Klimawandel-Wand esou doruechter geblose gëtt, wéi wann en de ganzen Dag géif Limbo danzen. Deen huet keng Arthrose an de Knéien, mengt d’Maiki. Dofir nëmme Loft am Kapp, seet d’Tatta Nan a weist dem Kleeschen de Mëttelfanger. D’Tatta ass dem Prisong ëmmer e Stéck méi no wéi dem Pescatore.

Dee Moment kënnt d’Nopesch mat den Hënn eraus. D’Hënn billen d’Tatta Nan duerch d’Fënsterscheif un, wéi wa si eng Friem wier, obwuel si zënter 50 Joer all Dag do sëtzt, an d’Tatta Nan billt zeréck. D’Nopesch mengt, d’Tatta Nan wier dement. Dobäi sinn et d’Hënn, déi de kuerze Verhalt hunn. D’Nan erënnert sech un alles, de Problem ass just, dass net méi vill Leit do sinn, déi sech nach kéinten un d’Nan erënneren. Grad si huet missten iwwereg bleiwen, déi dem Dout hiert ganzt Liewe laang den Domm erausgestreckt huet. „Hoch auf dem gelben Wagen” huet si gesongen an „Avec le temps va tout s’en va”, a gär den Erlkönig opgesot, mee den Dout ass wéi e Stater Bus, wann een him noleeft, da fiert en engem extra schëtzeg virun der Nues fort.

Neen, d’Nan ass net dement. Bei „Wer wird Millionär?” kënnt si bei d’64.000-Euro-Fro, wann d’Doktoranden an der Wirtschaftswëssenschaft, déi knapps e véierels Joerhonnert al sinn, schonn all hir Jokeren opgebraucht hunn. Dat ass, well si hiert Liewe laang d’Zeitung vu vir bis hanne gelies huet, mam Fanger op der Zeil, bis e schwaarz war. Alles wollt si wëssen, och dat, wat zu kenge wirtschaftswëssenschaftlechen Zwecker ze gebrauche war. Haaptsächlech dat.

Hätte mir elo déi 64.000 Euro, Nan, seet d’Maiki.
A wat géif ech mat 64.000 Euro maachen?

Reegelméisseg leien Ziedelen an der Boîte, vun den Immobilienagencen. Si hätte gär, dass d’Nan hiert Haus soll verkafen, ier et ganz verfällt, ier d’Reewaasser den Daach opgeweecht huet, wéi d’Tatta moies hir Schmier am Kaffi, an d’Plättercher am Buedzëmmer wéi Mëllechzänn aus der Mauer falen. Hei kéint een eng schéi Residenz hibauen, mat Wunnenge fir jonk Familljen, Wunnengen, déi weder d’Tatta nach d’Maiki sech kéinte leeschten. Amplaz Plaz ze maache fir d’Zukunft, besetzt d’Tatta Nan hei 120 Meter carré aus puerer Stuerazegkeet.

D’Nan hätt just gär e Pak Zigaretten an de Paris Match. Si wëll wëssen, ob d’Brigitte Bardot nach lieft. D’Maiki hëlt säin Handy a kuckt op IMDb: Et lieft nach. Mäi Bäileed, mengt d’Tatta Nan. Dat mat den Zigaretten ass e Witz, well um Pak steet: „Rauchen verkürzt die Lebenserwartung” an der Tatta Nan gëtt d’Liewe laang. Scho wou hiert d’Liewen nach vill méi kuerz war, ass et hir ze laang virkomm. Alles wat wichteg war, ass scho geschitt a fir sech dorunner ze erënneren, muss si ëmmer méi wäit zeréck an d’Fréier. De Wee fir dohinner ass schlecht beliicht a knubbeleg, do fiert keen Adapto hin an och keen Tram.

Fréier souz d’Famill fir Chrëschtdag zesumme ronderëm den Dësch, d’Nan an hire Brudder den Toni, dem Maiki säi Papp, an ee sot zum aneren: „Wie weess, ob mir d’nächst Joer nach do sinn”, et huet geklongen, wéi wa si eng Course wéilte maachen. Oder ëmgedréint, eng makaber Parti Chaises musicales, bei där kee sech getommelt huet, fir den eidele Stull ze besetzen. An am Hannergrond huet de Mort Shuman gesongen: „Il neige sur le Lac Majeur”. Eréischt méi spéit huet d’Maiki erausfonnt, dass et an deem Schlager guer net ëm de Lago Maggiore goung an och net ëm de Schnéi, mee ëm de Bakunin an d’Scheitere vun der italienescher Revolutioun.

Dem Maiki säi Papp war och eng Zort Anarchist a Spezialist am Scheiteren. Hien huet Chrëschtdag ëmmer nëmmen hallef gefeiert, bis mëttes hallwer zwou ongeféier, dann ass him erëm agefall, wéi schrecklech en dat Ganzt fonnt huet an hien huet de Prozess abrupt ofgebrach. Och säi Liewen huet hien ongeféier an der Hallschent fräiwëlleg gestoppt, hie wollt kengem aneren d’Decisioun iwwerloossen, wéini dass d’Musek géif ophalen.

Villäicht stierft d’Tatta Nan dofir einfach net, villäicht fiert den Dout net Bus, villäicht ass e Statistiker, e Fan vun Duerchschnëttswäerter. An d’Nan huet nach e puer Joer guttzemaachen. Dem Maiki seng Schwëster gesäit dat anescht. „Déi wëllen se einfach net do uewen”, seet hatt. Ëmmerhin huet hei ënne jo och ni ee se gewollt. Oder war d’Nan déi, déi sech kee wollt eraussichen? Villäicht war si asexuell, mengt dem Maiki seng Schwëster. Villäicht war si dat, mee bestëmmt hätt si net gär gehat, wann een aneren e Wuert fonnt hätt, fir dat wat si war. Just ee Wuert ass souwisou ze wéineg fir e Mënsch, et musse schonn op d’mannst 14.000 Zeeche sinn oder en décke faarwege Katalog op blénkegem Pabeier.

D’Nan ass heiansdo e bësse schwiereg, sou wéi och dem Maiki säi Papp schwiereg war, mee et ass net hir Schold. Si goufen a Schwieregkeeten era gebuer, déi et scho laang virun hinne gouf, knapps aus dem Bauch geklotert an direkt dragefall, kee wotleche Whirlpool vu Méiglechkeeten, mee en Dëppe Misär, donkelmof wéi Melass an deem ee sech net fräischwamme konnt, egal wéi vill ee gestruewelt huet.

All Joer Chrëschtdag waren e puer Espace méi ronderëm den Dësch. Dem Maiki seng Schwëster huet dorop reagéiert, andeems hatt déi eidel Plaze fläisseg mat eegenem Nowuess opgefëllt huet, fënnef Stéck sinn et der mëttlerweil, sou vill, dass d’Maiki fir d’Statistik souguer Minuskanner kéint kréien. Hatt huet esou mann wéi méiglech ugesammelt, wat souwisou dono erëm géif verluergoen. Dofir ass hatt jo och elo fräischaffend. Onofhängeg, net well hatt lass léisst, mee well alles een nom aneren ewechfält.

Et war onerwaart, dass grad d’Maiki sech wollt ëm d’Tatta Nan këmmeren, hatt, wat fréier ëmmer ënnerwee war, fir d’Welt an d’Zeitung ze bréngen an elo sëtzt hatt moies nieft der Tatta a liest hir d’Welt aus der Zeitung vir. Hatt weess elo wéi een orthopedesch Strëmp richteg undeet – all Dag wäschen an net fest uewen um Bändchen zéien, net mat spatze Fangeren drun triwwelen. D’Tatta Nan huet ënnen um Been eng kleng rout Plaz, déi ausgesäit wéi den Johnny Halliday am Profil. Mëttes kucke si de Fernsee an d’Maiki schneit der Tatta eng mëll Bier a kleng Stécker. Et kann och schéi sinn a guer net langweileg, wann een ëmmer weess, dass eng Saach no där anerer kënnt, ëmmer an der selwechter Reiefolleg, an net alles mateneen.

An der Zeitung setze se elo ganz op den Internet. Um Internet ass ee fräi, selwer ze entscheede wat ee konsuméiert. Den Internet féiert een eran an e Bësch vu Méiglechkeeten an herno huet een esouvill Kiselen hannert sech gestreet, fir de Wee zeréck ze fannen, dass et net méi ausgesäit wéi eng Spuer, mee éischter wéi e japanesche Steegaart.

„Kënnt Är Pai op dëse Konnt?”, freet de Mann vun der Spuerkeess, wéi hatt wëllt d’Limitt vu senger Visa-Kaart eropzesetzen. Den ADR sicht e Pressespriecher an d’Maiki freet sech, ob hatt schonn esou wäit ass. Op sengem Kont ass nach just genuch, fir sech eng Ukulele ze kafen. Villäicht sollt hatt sech d’Hoer blo fierwen an ufänke Lidder ze schreiwen iwwer Minimalrevolutiounen an doriwwer, wéi traureg seng Zweespëtzen hatt maachen. Mee dofir ass hatt warscheinlech ze al. A senger Generatioun gi se net méi erwuessen, si bleiwe Kanner bis se op eemol Ronschele kréien, wéi Blummen, déi op e Coup verwielen.

Kuck, ech ginn al, Nan, du hues mech ugestach.


Seng Schwëster hat gemengt, hatt kéint jo en Insta ufänken, iwwer d’Tatta Nan an dat alles, dokumentéiere wat hatt de ganzen Dag esou mécht, domat géif sech haut richteg Geld verdénge loossen, gläichzäiteg kéint hatt Awareness schafen, fir d’Fleeg a wéi wichteg et ass, sech dofir Zäit ze huelen. Dat mat der Zäit geet am Fong ganz vum selwen, d’Maiki war am Ufank erstaunt doriwwer, wéi lues elo alles geet, d’Opstoen, d’Undoen, d’Schlofegoen, dat alles hëlt sech seng Zäit ouni ze froen an owes schléift hatt op der Tatta Nan hirem Canapé an der zweeter Stuff an, ier hatt dozou kënnt, en Insta ze maachen. Haut muss een Autoentrepreneur ginn, Start-Upper (schonn eleng d’Begrëffer „Start” an „up” maachen d’Maiki midd), obwuel hatt sech am Moment éischter wéi e Break-Downer fillt. Et muss ee sech selwer zur Mark maachen, wann ee wëll iwwerliewen. Et kann een net do sëtzen, mat der Tatta Nan däitschen Nomëttesprogramm kucken an dorop waarden, dass de Musikexpress urifft.

Um Fernsee weist eng Kächin mat zwou laange Gretas-Trëtzen, wéi si op Insta Chrëschtdags-Kichelcher baakt mat hirem wonnerschéine Mann an hire wonnerschéine Kanner an hirem wonnerschéine Penthouse. D’Penthouse kann ee lounen an d’Kächin och, warscheinlech souguer de Mann an d’Kanner. Neen, d’Maiki ass net verbattert, hatt fënnt dat just net gemittlech. Wat häss du gär fir Chrëschtdag, mäi QR-Kand? Op alle Fall liese se sech net beim schuckelege Feier zesummen déi flottste Plazen aus „Brave New World” vir.

Ok, da muss ee sech eben elo verkafen, sech méiglechst blénkeg presentéieren, wéi eng doudeg Scampi am Supermarchéskatalog. Mee wat ass, wann iwwerhaapt keen d’Maiki wëllt, sou wéi d’Tatta Nan? A wat, wann dat dem Maiki a Wierklechkeet ganz egal ass?

Soll ech dir och esou Trëtze maachen, Tatta Nan?

Si hat där fréier, am Krich, do haten se déi all, a soubal de Krich eriwwer war, huet si sech se ofgeschnidden – neen, net esou – a méi spéit war si eemol bei e richteg deiere Coiffeur an huet sech d’Frisur gefrot vun der Jean Seberg. Just dass d’Tatta Nan 1 Meter 80 grouss ass an ni ausgesinn huet wéi d’Jean Seberg, mee éischter wéi den Jon Voigt am „Midnight Cowboy”.

D’Maiki huet ugefaangen der Tatta Nan hir Fotoen ze digitaliséieren, eran ze scannen an anzefierwe mat enger spezieller Software, leider gesäit ee bei de Fotoe mat der Tatta Nan drop keen Ënnerscheed, hiert Gesiicht an hir Hoer sinn zu all Joreszäit bleech an hir Kleeder ëmmer schwaarz.


Faarwe si just eppes fir d’Villercher a fir d’…

Neen, so et net, Nan.

Et gëtt eng Foto vun hir op der Promenade zu Locarno, do ware wéinstens den Himmel an d’Waasser blo an d’Palme gréng, mee d’Tatta nawell monochrom an e bësse verschwommen, wéi wann d’Welt just op där Plaz de groe Star hätt.

D’Maiki weist hir d’Foto vu fréier, dat ass gutt fir d’Vernetzungen an der Tatta hirem Gehier, d’neuronal Plastizitéit, mee et ass virun allem och gutt fir d’Maiki, well ausser der Tatta kee méi weess, wien déi Leit op deene Fotoe sinn. Do kanns de souvill QR-Code scannen a Shazam umaache wéi s de wëlls, d’Äntwerten op déi Fro, déi huet just Tatta an net den Internet.

D’Nan leet hir Hand mat den Oderen, déi sech ënnert der Haut erduerch wulle wéi Bamwuerzelen, op dem Maiki säi schwaarz-blénkegen Handy.

Do war et schéin, zu Locarno. Do misst een nach eemol hifueren.
Geet net, seet d’Maiki, net dëst Joer. Wéinst Corona, weess de. 
Ah jo, seet d’Nan. 


Da maache mer dat nächste Chrëschtdag.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.