Chrëschtdagsgeschicht: Zweete Chrëschtdag

„Neue Weihnachtsbeleuchtung für Merdingen“ steet a Groussbuschtawen an der Zeitung. D’Maiki blënzelt a liest d’Iwwerschrëft nach eemol, fir sécher ze goen, dass hatt sech net geiert huet. Dach, do ass definitiv en „r“ ze vill. Medingen misst et heeschen, mee Merdingen ass och schéin. Villäicht esouguer méi zoutreffend. Dee Moment, wou hatt d’Wuert liest, weess d’Maiki ganz genee, wou dat Duerf läit. Et ass eng Plaz op senger mentaler Landkaart, a Wierklechkeet wunnt hatt schonn e puer Joer do. Hatt wousst et just net, bis een aneren et fir hatt ausgeschriwwen huet.
Virun e puer Méint hätt hatt villäicht nach bei der Zeitung ugeruff oder wéinstens eng beleidegt E-Mail geschriwwen, fir si op hire Feeler opmierksam ze maachen. An haaptsächlech emol dorop, dass dee Feeler ni do stéing, wann d’Maiki an déi aner aus der Korrektur net entlooss gi wieren. Anerersäits huet deen hei Iertum scho bal literaresch Qualitéiten, well e komesch ass an d’Maiki trotzdeem vu bannen no baussen dréint.

D’Feeler hu sech als Verkaafsargument entpoppt, well mëttlerweil Leit d’Zeitung just nach kafen, fir mam Kaffi an där enger Hand an dem roude Bic an där anerer d’Iertemer ze ëmkreesen. Um Handy geet dat net, oder op d’mannst ass et net dat selwecht. Fir dass ee sech dono besser fillt, braucht een de richtege Geste, de Schwong an der Hand, wann een esou fest op de Bic dréckt, dass en op der anerer Säit duerch de Pabeier geet. Beim Digitale feelt d’Haptik, dat dräi-dimensionaalt. Op sengem Handy kann d’Maiki Musek am Spatial-Audio-Format lauschteren. Dem Billie Eilish seng Lidder kléngen trotzdeem nach ëmmer esou platt wéi eng Hostie an der Chrëschtmetten.

Am Fernseeprogramm liest hatt, dass den Owend e Film kënnt mat der bekannter Schauspillerin Merly Steerp. Villäicht kéint hatt dee mat der Tatta Nan kucken. Si huet d’Chance op d’mannst kënnen hir Hörapparater auszedoen, also ass et fir si net esou schlëmm, dass déi ganzen Zäiten Abba gesonge gëtt. Op Chrëschtdag kuckt d’Maiki am léifste Filmer mam Cloin Ftirh a mam Hhgu Grtan. Direkt fält him dozou eng Fantasy-Geschicht an, ronderëm zwee Weltraumzaldot*innen, déi natierlech genee esou mussen heeschen an déi op engem Kampfstär wunnen, deem säin Numm sengersäits och aus enger onlogescher Suite vu Konsonante besteet. Manner Merdingen, méi walisesch Dierfer. Hatt klickt d’Zeitungs-App op sengem Handy ewech. Natierlech schreift hatt keng Fantasy-Geschicht iwwer zwee Weltraumzaldot*innen an hatt beschwéiert sech och net bei der Zeitung. Sou wéi hatt kee vun de Pläng ëmsetzt, déi am Minuttentakt a sengem Kapp opploppe wéi Notifikatiounen. Dem Maiki seng Schwëster hat fonnt, et wier onverantwortlech, am Dezember mat enger aler Fra un de Lago Maggiore ze fueren. Mee d’Maiki hat der Tatta Nan et d’lescht Joer am Dezember versprach a sech dëst Joer Enn September erëm dorunner erënnert. Nächste Chrëschtdag si mer um Lago Maggiore.

Et ass guer net sécher, ob d’Tatta Nan iwwerhaapt weess, dass si d’Land verlooss hunn. All Moie freet si d’Maiki, firwat de Bréifdréier net kënnt. Well mir aus der Welt gefall sinn, Tatta Nan. Well een e Buchstaf zevill getippt huet an elo si mir verluer am orthographeschen Néierewou.

De Virdeel ass, dass hei keen d’Tatta Nan kann ustiechen. D’Haiser laanscht de Séi stinn all eidel an esouguer d’Méiwe schénge grad a Quarantän ze sinn. Déi eenzeg friem Persoun, déi d’Maiki gesäit, ass d’Caissière aus dem Supermercato, déi hannert enger Plexiglasscheif sëtzt an hatt ni an d’Gesiicht kuckt, oder an dat, wat vu sengem Gesiicht tëscht Mask, Kaputz an dem ugelafene Brëll iwwereg ass. Hiren Ciaograziearrivederci ass esou automatesch wéi d’Piipse vun der Keess, wa si seng Akeef laanscht de Scanner zitt. Wéinstens freet si net, ob hatt d’Timbere wëllt.

Fréier hu se d’Maiki a seng Schwëster hei mat engem Quanto sono carini questi bambini! emfaangen, obwuel si net aneschtes ausgesinn hunn wéi déi italienesch Kanner mat hiren Nickis-Shorten an de Plastikssandalen, déi sech wéi rosa glitzereg Jelliskäpp ëm d’Féiss gekluddert hunn. Well d’Plagen nämlech hei net aus Sand sinn, mee aus Kiselsteng.

Am Summer lieft d’Duerf vun den Tourist*innen, mee am Wanter kéim keen op d’Iddi d’Maiki fir eng Touristin ze halen, déi ee bei Laun hale misst. De Mann, deen him d’Haus verlount huet, hält hatt fir onzourechnungsfäeg.

Wat wëlls du fir Chrëschtdag iessen?, freet d’Maiki.

Eng Botterschmier mat Gebeess, äntwert d’Tatta Nan. Si ësst all Owes eng Botterschmier mat Gebeess.

Am Supermercato keeft hatt e Pane francese an e Glas Käschtegebeess. Wien zervéiert dann enger aler Fra, fir dat, wat eventuell hire leschte Chrëschtdag ass, just eng Botterschmier mat Gebeess?

Ech, seet d’Maiki, ech maachen dat.

Warscheinlech géif seng Schwëster dat indiskutabel fannen, dofir huet d’Maiki him et prophylaktesch einfach net gezielt.

An als Dessert gëtt et eng waarm Mëllech mat Ovomaltine.

Nuets lauschtert d’Maiki der Tatta Nan hirem Schnaarchen no. Als Kand huet hatt dat Geräisch gehaasst, haut kann hatt ouni net méi schlofen. Hatt huet et heemlech mam Handy opgeholl, a wann een déi richteg App huet, da kann een de Sound verfriemen a loopen, soulaang, bis et net méi wéi Schnaarche kléngt, mee wéi e sophistiquéierten Electrobeat. D’Maiki kéint en Album ophuele mat all deene klenge Geräischer, déi him hei am Néirewou Gesellschaft leeschten. D’Klappere vun de Seeler zum Beispill, déi am Wand géint d’Maste vun de Seegelbooter schloen, wéi wa bleech Skeletter Dag an Nuecht op de Kiselsteng géifen twerken.

Méchs de souwisou net, seet d’Stëmm am Maiki sengem Kapp, du hëls bestëmmt keen Album op. Sou wéis du och keng Fantasy-Geschicht schreifs.

Wiem seng Stëmm ass et? Sengem Papp seng oder déi vu senger Schwëster?

Net der Tatta Nan hir op alle Fall, well d’Tatta Nan sech net dofir interesséiert, ob d’Maiki en Album ophëlt oder net. Hatt kritt all Mount e bësse Sue vun der Assurance dépendance an dann nach dat, wat hatt domat verdéngt, Memoiren an Travaux de candidature ze verbesseren. Et ass net vill, mee et geet duer fir eng Baguette an e Glas Gebeess.

Du mengs, du méchs dat fir d’Tatta Nan, seet dem Maiki seng Schwëster, mee a Wierklechkeet méchs du dat just fir dech. Ausserdeem seet hatt nach: Dofir kënnt de Papp och net erëm.

Am Haus um Lago Maggiore gesäit nach alles genee esou aus wéi virun zwanzeg Joer. Um Buedem leien déi selwecht faarweg Teppecher aus zesummegebitzte Fatzen, op deenen d’Maiki a seng Schwëster fréier Surfe gespillt hunn. Si hu fir d’éischt Ulaf geholl, da si se mat zwee Féiss drop gesprongen an iwwer d’Plättercher duerch d’Stuff geseegelt. Bei hinnen doheem goung dat net, do haten se Moquette. Seng Mamm huet sech dann ëmmer geiergert a virausgesot, dass si sech géifen Hals a Bee briechen. Deemools wosst si nach net, dass et geschwënn hir ganz Famill wier, déi géif a Stécker briechen.

Heiansdo hu si d’Tatta Nan mat an d’Vakanz geholl, well si soss de ganze Summer eleng doheem hätt misse bleiwen. D’Tatta Nan war ëmmer eleng, ouni dass d’Maiki sech jee gewonnert hätt, firwat dat esou war. Haut wéilt hatt si froen, mee hatt huet Angscht virun der Äntwert.
Fréier gouf et hei eng Fabrik matzen am Duerf, déi e metallesche Gestank an d’Loft geblosen an hir Ofwässer an de Lago lafe gelooss huet. An trotzdeem sinn d’Maiki a seng Schwëster am Séi geschwommen, si hu Schluppe kritt an d’Fësch giess, ouni dass ee sech doriwwer Gedanke gemaach hätt. Et war déi Zäit wéi een d’Wolleken, déi vun Tschernobyl eriwwer koumen, nach un de Grenzen ëmdréine konnt. Wéi d’Douanieren dem Maiki sengen Elteren reegelméisseg d’Mall vun hirem Datsun ausgeraumt hunn an d’Mamm hinne mam Dictionnairen am Grapp huet missen erklären, dass Milchzucker kee Kokain wier.

Villäicht hat d’Maiki sech deemools am Séi eppes opgeraf? E Bazill, dee säi System automatesch an de Lockdown gesat huet? Deen hatt isoléiert, souguer wann hatt matzen an de Leit steet?

D’Tatta Nan fënnt net, dass si eleng sinn.

Op wie waarde mer dann nach?, freet si.

De Cloin Ftirh zum Beispill, dee kéint roueg kommen, do hätt d’Maiki näischt dogéint, deem géif hatt och nach eng Schmier matmaachen.

Gëschter hat d’Maiki hir säin iPad gi fir d’Doudesannoncë vun doheem ze liesen an d’Tatta Nan hat gefrot: Sinn ech och dout?

Nach net, Tatta Nan.

Dann ass et gutt.

Fréier souz d’Tatta Nan op der Wiss ënner dem Dännebam am Schiet an huet sech doriwwer beklot, dass et hir ze kal war. Da sëtz dech an d’Sonn. Mee an der Sonn war et hir ze waarm. Et wier onverantwortlech fir eng al Fra, sech einfach esou am Summer matzen an d’Sonn ze setzen.
Enges Daags war e grousse Stuerm komm, hat d’Dänn ëmgeblosen an de Lago opgewullt. Richteg Welle si vu Cannobio aus op d’Plage zougerullt an d’Maiki wollt onbedéngt kucke goen, mee seng Elteren hu fonnt, et wier zevill geféierlech. Do hat d’Tatta Nan d’Maiki bei der Hand geholl a war mat him bei d’Waasser gaangen. Am Reen hate si do gestanen an d’Welle gezielt, deenen hire Schaum hinnen d’Zéiwen naass gemaach huet.

Villäicht beklot d’Tatta Nan sech dofir elo mat kengem Wuert iwwer de groen Himmel an den dréiwe Séi. Et schéngt hir eng Zort Zefriddenheet ze ginn, wann sech hire séileschen Zoustand an der Landschaft spigelt.

D’Biller aus där Vakanz vun deemools sinn déi lescht Erënnerungen, déi d’Maiki u säi Papp huet. Hie louch déi meeschten Zäit ausgestreckt op enger Fautel an huet seng Zigarilloe gefëmmt. Glécklech huet hien net ausgesinn an deem Summer, mee stëll. Fir si Kanner war hie schonn am Liewen e Gespenst, sou gro an duerchsiichteg wéi säin Zigarillosdamp. Komesch, dass hie sech tatsächlech huet misse Méi maachen, fir sech ëmzebréngen, sech esou konkret a kierperlech aus dem Liewen ze rappen, amplaz sech einfach no an no a Loft opzeléisen.

Villäicht hat säi Papp sech och ugestach: Beim Schwammen am Séi, hat hien eng Schlupp Misär kritt.

Wéi d’Maiki aus dem Duerf zeréck kënnt, schléift d’Tatta Nan nach an hirer Fautel. Am Dag schnaarcht si aneschtes wéi nuets. Hatt schneit d’Brout op a leet et an de Schäffche fir et opzebaken, sou wéi seng Mamm et ëmmer nëmmen an der Vakanz gemaach huet. D’Maiki a seng Schwëster goufe vum Geroch vu waarmem Brout erwächt, op deem de Botter an d’Käschtegebeess zu enger séisser, fetteger Mëschung verschmolz sinn, wéi e Verspriechen, dat d’Liewen ni ganz gehalen huet.

D’Maiki geet erof op d’Plage fir Steng ze sammelen. Fréier konnt hatt ganz Nomëtteger domat verbrénge just do ze stoen a Steng an d’Waasser ze geheien. Hatt huet nogekuckt, wéi se Kreesser gezunn hunn an dann huet hatt probéiert, ee Krees mam nächste Steen ze zerschloen, bis säi Papp koum a sot, hatt soll ophalen, herno wiere just nach Steng a kee Waasser méi am Lago.

D’Steng kucken hatt frëndlech un, net virworfsvoll. Hatt hieft der zwee op, ee fir d’Tatta Nan an ee fir sech selwer, a stécht se an d’Täsche vu sengem Anorak. D’Maiki huet sech an der Tatta Nan dee selwechten Anorak kaaft, am Männerrayon, an der klengster Gréisst, well d’Täschen an de Fraejackette meeschtens zougebitzt sinn. Fraen däerfen zwar alles mat sech ronderëm schleefen, Mental Load an esou weider, déi ganz Verantwortung, mee si soll hinne méiglechst net och nach d’Täschen ausbëlzen.

D’Virginia Woolf hat Steng an d’Täsche vun hirem Mantel gestach, ier si an de Floss Ouse geklomme war, fir sech do ze erdrénken. Ob et e grot Waasser war an e kalen Dag wéi haut? I feel certain that I am going mad again, hat si hirem Mann geschriwwen. Dem Maiki säi Papp hat kee Bréif hannerlooss, keng Erklärung. Säi Liewe war Erklärung genuch.

An dat ass erëm typesch, dass dem Maiki säi Gehier et esouguer op Chrëschtdag net fäerdeg bréngt, e puer flauscheg wotlech Gedanken ze produzéieren. Amplaz dovunner steet hatt hei an der Däischtert beim Waasser an denkt un d’Virginia Woolf oder – fir eng Referenz ze benotzen, déi besser an d’Saison passt – das letzte Einhorn. Wéi ass dee Film nach eemol ausgaangen? De roude feierege Stéier gëtt an d’Mier gejot, wou en erdrénkt an all d’Einhörner komme fräi, déi wäiss Schaumkrounen op de Welle verwandele sech a Fabelwiesen, déi iwwer d’Plage galoppéieren. Lo huet hatt och nach dat Lidd vun America am Kapp.

D’Maiki dréint sech zeréck ëm bei d’Haus. Hatt wëll elo ganz dréngend Mamma Mia kucken.

Et huet opgehale lues ze reenen. An dësem Wieder sinn Italien an England net auserneenzehalen. Hatt blënzelt. Op der Wiss sti fënnef donkelgréng Schieter. Entweder hatt gesäit elo tatsächlech Gespenster, oder et huet een ongefrot Chrëschtbeemercher geliwwert.
Um Parking virum Haus steet e grousse Van mat Lëtzebuerger Placken.

Ech hu Panetone kaaft, seet dem Maiki seng Schwëster an hält eng opgeweechte Kartongskëscht an d’Luucht.

D’Zwillinge sinn doheem bei hire Kolleege bliwwen, déi aner dräi Kanner si frou aus dem Haus eraus ze kommen, déi lescht Woche waren si do quasi an Dauerquarantän.

Dofir freeën si sech elo doriwwer bei enger Taass Ovomaltine ronderëm den Dësch ze sëtzen a mat der Tatta Nan Steng ze bemolen. Déi al Pinselen drécken si esou fest op d’Faarfpaletten, dass se hir Hoer an all Richtunge vu sech strecken, wéi d’Been vu plattgetrëppelte Spannen.

Da kënne mer d’Switch jo erëm zeréck an de Buttek bréngen, seet dem Maiki säi Schwoer an otemt schwéier. Hie sëtzt an der Fautel a kuckt fir d’éischt nach „Mamma Mia“ ouni Toun, dono schléift hien an, nach virun der Tatta Nan.

Hien ass midd, seet dem Maiki seng Schwëster. Et war e schwéiert Joer fir hien. Seng Kanner gleewen net méi un de Kleeschen an seng 86-järeg Mamm nach ëmmer net un de Virus.

Gouf de Kleeschen och vum Bill Gates erfonnt?

Nom Iesse gi mer d’Steng an d’Waasser geheien, seet d’Maiki. Soulaang bis kee Waasser méi am Séi ass.

Däin Eescht?

Wie verbréngt da säin Hellegowend domat, am Reen Kiselsteng an de Lago Maggiore ze geheien?, freet dem Maiki seng Schwëster.

Mir, seet d’Maiki, mir maachen dat.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Die Kommentare sind geschlossen.