E Sonndeg, 15. Mäerz: RTL-Presseclub mat woxx a Corona

von | 13.03.2020

D’Corona-Epidemie an déi drastesch Mesuren, déi d’Regierung och hei am Land geholl huet, dominéieren natierlech och de Presseclub um Sonndeg. Mir schwätzen iwwert d’Decisiounen, déi geholl goufen, fir d’Verbreeden vum Virus ze verhënneren, iwwert d’Kommunikatioun ëm de Virus an natierlech d’Repercussiounen op d’ëffentlecht Liewen am Land. Invitéen sinn d’Dani Schumacher vum Wort, de Raymond Klein vun der Woxx, d’Ines Kurschat vum Land an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...