Wäert d’Plagiatsaffär vum Xavier Bettel politesch Konsequenzen fir hien hunn oder wäert et der DP geléngen d’Affär bis d’Wahlen 2023 ze begruewen? Wéi schléit sech dee Kredibilitéitsverloscht op d’Covid-Krisegestioun néier? An op d’Debatt ëm d’Verfassungsreform ? Dat sinn d’Themen am Presseclub vun RTL de Sonndeg 7. November.
Invitéiert sinn d’Dani Schumacher vum Lëtzebuerger Wort, de Christoph Bumb vu Reporter.lu an de Richard Graf vun der woxx .
RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

