E Sonndeg, 21. Februar: RTL-Presseclub mat der woxx

von | 20.02.2021

D’Enquête #OpenLux ass hei am Land bei de Politiker a Reponsabelen vun der Finanzplaz op net vill Versteesdemech gestouss.
Wei bewäerten d’Journalisten den Ëmgang hei am Land mat dëse Recherchen?
Wat kann een dovun zeréckbehalen?
Wat ass generell den Ament zum Ëmgang vun der Regierung mat de Medien ze soen? Dat diskutéieren mer e Sonndeg am Presseclub mam:
Ines Kurschat vum Land, dem Luc Caregari vun der Woxx an dem Marc Schlammes vum Wort.

Weider Themen sinn d’Ëmsetzen vum Waringo Rapport an d’Reaktioun vum Monica Semedo.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #375 – Wéi hëtze mir an der Zukunft?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #373 – Geschlechtersensibel behandelen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Laang Zäit gouf de männleche Kierper als medezinesche Standart ugesinn – an dat mat konkrete Konsequenzen: Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a...