Hiphop op Lëtzebuergesch: Zréck bei d’Wuerzelen


Mat „Alles beim Alen, Alen“ lued déi lëtzebuergesch Formatioun Freshdax op eng Rees zu de Wuerzele vum Hiphop an – a ka mat intelligenten Texter a gudde Beats iwwerzeegen.

Intelligent Texter, en technesch ausgeräifte Flow a Beats, déi op eng Rees alueden: de Julien Primout an de Jacques Rasic si “Freshdax”.

Intelligent Texter, en technesch ausgeräifte Flow a Beats, déi op eng Rees alueden: de Julien Primout an de Jacques Rasic si “Freshdax”.

Old-School-Beats, en technesch einwandfräie Flow a gesellschaftskritesch Texter op Lëtzebuergesch. Sou léisst sech den neiesten Album vum Hiphop-Duo Freshdax resuméieren. De Julien Primout, Rapper a Frontmann vun der Formatioun, an de Jacques Rasic, deen ënner sengem Kënschtlernumm StA scho bal eng Institutioun an der Szen ass, DJ a geleeëntleche Rapper, sinn zréck fir hiren zweeten Opus „Alles beim Alen, Alen“.

An deen huet et an sech. War den éischten Album, „Ziel mer net däi Liewen“, éischter spaasseg-décontractéiert ausgeluecht, sou kann een „Alles beim Alen, Alen“ als eng Rees bei d’Urspréng vum Hiphop verstoen: Beats direkt aus den Nonzeger, mol méi jazzeg, mol mat méi Soul-Aflëss, eng gutt Portioun Gesellschaftskritik an de Lyrics a lässeg dohigeheite Rhymes.

Fir de Julien Primout, deen Szenekenner vläicht och als Sänger vun der Metalcore-Band „Everwaiting Serenade“ bekannt ass, kann een „op Lëtzebuergesch vill maachen“. De Choix vun der Sprooch erklärt hien esou: „Lëtzebuergesch ass déi eenzeg Sprooch, an där ech wierklech akzentfräi rappe kann.“ Ausserdeem wier d’lëtzebuergesch Sprooch an dem Sënn praktesch, datt een och mol Wierder aus dem Franséischen, dem Däitschen oder dem Englesche kéint abauen, ouni dobäi onnatierlech ze kléngen.

Natierlech kléngen, dat ass nämlech een Uleies vun him: „Mir ass et wichteg, d’Sätz net ronderëm ze dréinen, wéi dat am lëtzebuergesche Rap oft geschitt. Ech versichen, esou ze rappe wéi ech och géif an enger Diskussioun schwätzen.“

Ob Stammdëschrassisten, Hausfraen, déi sech u Konscht vergräifen oder Rapper, déi just op Youtube-Klicks aus sin – jiddferee kritt säi Fett ewech op „Alles beim Alen, Alen“. Freshdax hëlt Positioun, ouni dobäi déi Portioun Selbstironie opzeginn, déi schonn op „Ziel mer net däi Liewen“ präsent war. „Ech hu beim zweeten Album e bësse méi déif an d’Trickkëscht gegraff“, erklärt de Julien. „D’politesch Landschaft an d’Gesellschaft allgemeng hunn sech déi lescht Joere vill verännert. Mir ass et wichteg, op Mëssstänn hinzeweisen.“

Net ouni dobäi och mol Leit op d’Féiss ze trëppelen. „Ech hunn dem roude Léiw schonn éiweg an d’Kroun ge-
seecht“ heescht et um Titeltrack „Alles beim Alen“, an „souwisou gëtt et an dësem Land kee gudde Rapper méi säit dem Dicks“ a „Rhymes op Éieren“.

Freshdax wësse vu wat se schwätzen. Als StA produzéiert de Jacques Rasic eng ganz Rei lëtzebuergesch Rapper. Zwee dovun hunn et trotz allem an e Feature gepackt: de wahrscheinlech éischte Rapper op Lëtzebuergesch T the Boss, an eng jonk Hoffnung vum lëtzebuergeschsproochegen Hiphop, de Maka MC, dee mat sengem peitschende Flow a sengen déifgrënnegen Texter an Zukunft nach méi oft däerft vun sech schwätzen dinn.

Och de StA, dee jo am Fong DJ ass, leet zwee Rap-Optrëtter um Album hin. Schued eigentlech, datt dat net méi oft de Fall ass: Mat sengem aggressive Flow a sengen ironeschen Texter kann hien och um Mikro iwwerzeegen. Datt de Jacques Rasic un den Turntables iwwerzeegt, ass an der lëtzebuergescher Szen nämlech längst kee Geheimnis méi. De Produzent, dee vun sech selwer seet, datt en sech virun allem un amerikaneschen Underground-Klassiker aus der „Golden Age“ – Enn Achtzeger, Ufank Nonzeger – wéi Gang Starr, Large Professor oder J Dilla inspiréiert, zielt wahrscheinlech zu de beschten Hiphop-DJs, déi d’Land ze bidden huet.

Zu enger Rees un d’Wuerzele vum Hiphop lueden awer net nëmmen d’Beats an, mee och e Choix, deen d’Jonge vu Freshdax gemaach hunn: Hiren Album erschéngt als Vinyl, an ass donieft nëmmen online ze kréien. „Dat war ëmmer en Dram vun eis“ erklärt de Jacques Rasic, fir deen de ganzen Album virun allem ënnert engem Motto steet: back to the roots.

Alles an allem en duerch an duerch gelongenen Album, dee vläicht och dem engen oder aneren Hiphop-Hater d’Oueren opmécht – d’Release Party an de Rotonden, bei där Freshdax vum Duo „Mr. Charly & de Lux“ an dem Tommek ënnerstëtzt ginn, bitt eng gutt Geleeënheet, lëtzebuergeschen Hiphop besser kennenzeléieren.

Dëse Samschdeg, den 23. Januar um 8 Auer an de Rotonden.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.