All Woch bidd d’woxx Iech an hirem Podcast een Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch analyséiere Luc Caregari a Fréderic Braun an eisem Podcast den neie Koalitiounsaccord vun der Regierung tëscht DP, LSAP an Déi Gréng. Wat waren déi gréissten Iwwerraschungen, wat war ze erwaarden? Nieft deene groussen Theme wéi dem gratis ëffentlechen Transport an der Legaliséierung vu Cannabis analyséiere mir och déi nei mediepolitesch Linne vun der Regierung, déi dës Woch vereedegt gouf. Wéi ass et zum Beispill ze bewäerten, datt elo op eemol vun enger ëffentlech-rechtlecher Téléschaine geschwat gëtt?
Donieft ass awer och dat, wat am Koalitiounsaccord feelt, een Thema.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?
- Am Bistro mat der woxx #302 – D’EU an de béise Wollef
- Am Bistro mat der woxx #301 – Abschottungspolitik an den USA an an Europa
- Am Bistro mat der woxx #300 – Liberty Steel a finanzieller Kris
- Am Bistro mat der woxx #299 – Wat maache géint haislech Gewalt?