Am Bistro mat der woxx #401 – Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden?

von | 25.09.2026

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.

Logo vum Podcast Am Bistro mat der woxx: een Kopfhörer. Doriwwer steet a grénger Schrëft: Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden? Een Text informéiert ausserdem, datt et d'Episod Nr.401 ass.34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe gesinn. Wéi wann déi Situatioun net scho schlëmm genuch wier, wëll d’CSV-DP-Regierung d’Reegelen elo nach méi streng maachen. D’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui huet mat Flüchtlinge geschwat an erkläert am Podcast, wéi schwiereg et ass, ee Regruppement familial ze kréien a wat d’Regierung elo vir huet.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Regroupement familial : Iels attendent toujours

 

 

 

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

NEWS

« Il faut assurer l’effectivité de la directive »

L’Initiative pour un devoir de vigilance et la Commission consultative des droits humains (CCDH) ont présenté dix recommandations afin d’assurer « l’effectivité » de la transposition de la directive européenne sur le devoir de vigilance. Actuellement, les victimes de violations de droits humains ou environnementaux survenues au long des...