Rassistesch Denkstrukturen an der woxx?

von | 05.06.2017

Lescht Woch hat d’woxx-Autorin Renée Wagener zum kopernikaneschen Tournant geschriwwen, deen am Ëmgang mat Juddentum an Antisemitismus zu Lëtzebuerg festzestelle wier. Ee Beispill fir dësen Tournant wier d’Ëmbenennung vun enger Strooss vun Ettelbréck, déi bis elo nom Monseigneur Jean-Baptiste Fallize benannt wor: Deem seng antisemitesch Positioune goufe lescht Joer och am „Lëtzebuerger Wort“ veruerteelt. Apparemment ginn et awer nach Kreesser, an deenen deen Tournant nach net stattfonnt huet. Dorop deit op alle Fall eng Facebook-Debatt hin, ausgeléist duerch e Bäitrag vum Jean-Jacques Flammang, Pater vun der Häerz-Jesu-Kongregatioun. An engem ironeschen Toun huet hien op de woxx-Artikel reagéiert an ënner anerem geschriwwen: „Wann de schokéierte Lieser di puer Zitate am Woxx liest, da freet hien sech secher, op dee Monseigneur do nët en direkte Beroder vum Hitler a Sachen Antisemitismus war.“ De Flammang huet och der woxx-Autorin ënnerstallt, si wier selwer vu „rassistëschen Denkstrukturen“ géintiwwer der Kierch geplot. D’Häerz-Jesu-Patere goufe vum Léon Dehon gegrënnt, deem seng antisemitesch Aussoen haut och innerhalb vun der Kierch fir problematesch gehale ginn. D’Debatt ass entretemps vu Facebook verschwonnen. D’woxx wäert awer an enger vun deenen nächsten Nummeren op déi Saach zréckkommen.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

EU-Return-hubs: Erste Ausfahrt Ruanda

Nun also doch Ruanda: Mehrere EU-Mitgliedstaaten verhandeln mit der dortigen Regierung, um in dem Land ein erstes „Rückkehrzentrum“ für abgewiesene Asylsuchende (return hub) einzurichten. Bereits Mitte November könnte ein entsprechendes Abkommen unterzeichnet werden.

NEWS

Santé ! Mais à quel prix ?

Près de 190 millions d’euros de déficit attendus en 2027. Pour redresser les comptes de l’assurance maladie-maternité, le gouvernement mise sur une hausse des cotisations et un objectif de 95 millions d’euros d’économies structurelles.

NEWS

Warnung vor Laufzeitverlängerung von Cattenom

Die Umweltschutzorganisation „Greenpeace“ warnt erneut vor einer Laufzeitverlängerung des Kernkraftwerks Cattenom nahe der luxemburgisch-französischen Grenze. Eine aktuelle Studie kommt zu dem Schluss, dass es quasi unmöglich ist, den Reaktor auf den geforderten Sicherheitsstandard zu bringen.

NEWSSOZIALES

CSL et Méco : Plaidoyer pour une transition juste

À l’occasion d’une conférence de presse commune, la Chambre des salariés (CSL) et le Mouvement écologique (Méco) ont présenté leurs positions sur deux projets majeurs pour la mobilité : le leasing social pour véhicules électriques et la réforme de la fiscalité des voitures de société.