Podcast: Am Bistro mat der woxx #017

Wéi all Woch bitt d’woxx iech och haut een Abléck an déi aktuell Nummer. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Theme vum Heft, dem Edito iwwert Fro, ob ee mat Green Finance d’Klima ka retten oder léiwer eng méi systemesch Perspektiv sollt anhuelen, dem Mount vun den Aweiungen, wärend dem d’Regierungsmembre bal all Dag eppes ageweit oder presentéiert hunn, ass d’Thema vun der Woch d’Inclusioun an der Schoul.

D’Tessie Jakobs an de Joël Adami schwätzen doriwwer, wisou d’Thema vu Kanner mat spezielle Besoinen an der Schoul wichteg ass, wat d’Kritikpunkten un de néie Kompetenzzentre sinn a wat fir Réckschlëss dëse System dorobber zouléisst, wéi allgemeng mat behënnerte Leit zu Lëtzebuerg ëmgaange gëtt. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #016

All Woch präsentéiert d’woxx an der Emissioun Am Bistro mat der woxx een Réckbléck op déi läscht Woch an een Abléck an déi aktuell woxx.

De Joël Adami an de Richard Graf schwätzen dës Woch iwwert d’Vëlospolitik zu Lëtzebuerg. Si schwätzen net nëmmen doriwwer, wéi d’woxx op de Cover komm ass, op deem quasi-paradisesch Zoustänn fir d’Vëlosfuerer*innen ze gesi sinn, mä och iwwert déi ganz reell Hell op der Äerd, déi Vëlosfuere ganz dacks zu Lëtzebuerg ass.

Riets ass awer och iwwert déi Verbesserungen, déi geschwënn kéinte kommen: Eng Etüd am Süde vum Land an een néit Gesetz fir Vëlospistë sollen d’Situatioun verbesseren. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #015

Wéi all Woch bitt d’Wochenzeitung woxx iech an hirem Podcast Am Bistro mat der woxx ee Wocheréckbléck an een Abléck an déi aktuell Woch. De Joël Adami an de Raymond Klein schwätzen iwwert Mikroplastik, den Auditoire vun der Villa Louvigny an d’Lag vun der Europäescher Unioun.

D’Luxembourg Space Agency ass eist d’Thema vun der Woch. Dës Woch gouf d’LSA am Mudam presentéiert, d’Schafung vun dëser Agence stellt déi lëtzebuergesch Spacemining-Pläng op eege Féiss, well d’Agence bësse méi onofhängeg vum Wirtschaftsministère soll sinn. Mir ware bei der Virstellung an erzielen, wéi dat esou war, wat fir Gadgeten ausgedeelt goufen a wéi d’Stëmmung am lëtzebuergesche Weltraumsecteur esou momentan esou ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #014

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen dës Woch iwwert de Bilan vum Nohaltegkeetsministère MDDI, deen net esou positiv ausfält, wéi dat déi gréng Minister*innen duergestallt hunn. Och den ëffentlechen Transport an d’Konfusioun, déi beim der Ëmstellung vun de Busfahrpläng entstoe wäert, ass een Thema. Ausserdeem geet et ëm sexuell Opklärung an d’Migratiounspolitik an Europa an Italien.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Copyrightreform vun der EU. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #013 – 31.8.2018

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen iwwer den Edito zu Diskussiounveranstaltunge vum Zentrum fir politesch Bildung, iwwer d’Neieentdeckung vun der Kulturpolitik vun Déi Gréng an iwwer de Last Summer Dance.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Ofstëmmungsverhalen an der Chamber. Mir hunn alleguerten d’Bulletins de Vote ugekuckt an ausgerechent, wéi déi verschidde Parteien an der Chamber ofgestëmmt hunn. Dobäi hu mir erausfonnt, datt et e grousse Konsens tëscht deene véier grousse Parteie gëtt. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #012 (24.8.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vu Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an de Frédéric Braun iwwert den Nuetszuch op Lissabon, d‘HBO-Serie Sharp Objects, déi schlecht Pub fir den eigentlech exzellenten MeYouZik-Festival, d‚Lëtzebuerger Sprooch an den groussen Defizit an der Debatt ronderëm d’Méisproochegkeet.

Thema vun der Woch ass den Tourismusprojet Suneo Park zu Wäisswampech. Tëscht deenen zwee Séien zu Wäisswampech soll nämlech een Hotel an een Vakanzenduerf entstoen. Wéi de Projet als Ekotourismus ugekënnegt ginn ass, gouf et scho Kritik. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #011 (17.8.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vu Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an de Frédéric Braun iwwer déi nei Opklärungscampagne vum Gesondheetsministère, d‘Opklärungsaarbecht, déi de Cigale, de Centre d‘information gay et lesbien, mécht, den Aarteschutz am Kontext vun enger Klo vu Bayer géint d’EU-Kommissioun an den UN-Projet Vanishing Treasures an awer och iwwer d’Kiffen an de Virschlag, datt een no enger Legaliséierung misst eng Aart Kiffer-Führerschäin maachen, fir zu Lëtzebuerg Gras dierfen ze kafen.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d‘Biografie vun der Ruth Troeller. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #010 (10.8.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Frédéric Braun an d’Tessie Jakobs iwwert déi jüddesch Geflüchtet Ruth Troeller, déi dëst Joer hieren 100. Gebuertsdag feiert, iwwert d‘Mediepolitik zu Lëtzebuerg, iwwert de Gratis-Transport fir Schüler*innen an den MeYouZik-Festival, deen den 14. a 15. August op der Place d’Armes stattfënnt.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier Sexualerzéiung zu Lëtzebuerg. Mir schwätzen iwwer en Interview, deen d’Tessie Jakobs zu deem Thema mam Isabel Scott vum Cesas gefouert huet.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #009 (03.8.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Luc Caregari an den Eric Kettmann iwwer, Stock Options, Bloalgen um Stau an an der Politik, Deckelsmouken a Satellitte souwéi de Peer Steinbrück an d’Lag an Tunesien.

Thema dës Woch waren di jonk Wieler: wéi informéieren se sech, wéi politiséiert sinn se a wat ënnerscheed si vun den eelere Semester?

Mier entschëllegen ons am Viraus vir di mangelnd Tounqualitéit – et gouf e Problem mam Mikro.

mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #008 (27.7.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an de Raymond Klein iwwert de Weltraumkapitalismus vun The Expanse, iwwert d’Affaire Benalla an wat fir Auswierkungen dat op de Macron huet, dat néit Gesetz fir d’Ännerung vum Numm a Geschlechtsantrag fir trans an inter Persounen an iwwer Community Organising.

D’Thema vun der Woch ass dës Kéier de Wahlprogramm vun Déi Gréng. Mir schwätzen iwwert déi grouss Punkten, iwwert eng onambitionéiert oder op mannst vague Klimapolitik, iwwerraschend kloer Aussoen zur Digitaliséierung a wat mir mat dem Sproch „Sunflowers are forever“ op eisem Cover gemengt hunn. mehr lesen / lire plus

Podcast: Am Bistro mat der woxx #007 (20.7.2018)

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs iwwert Akut, déi virun Ëmweltgëfter warnen, iwwert de Rapport vum Grip, deen sech mat Militärausgaben a Waffenexporter beschäftegt. Ausserdeem geet et ëm d‘68er-Beweegung, Verspéidunge bei der CFL an d‘Positioun vun der DP zur Lëtzebuerger Finanzplaz.

D’Thema vun der Woch sinn Homo- an Transfeindlechkeet bei der ADR an anere rietse Parteien. Déi huet sech ënnert anerem an enger Ried vum ADR-Deputéierte Roy Reding an der Chamber bemierkbar gemaach. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #006

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Dës Woch schwätzen de Joël Adami an d’Tessie Jakobs iwwert d’Reaktiounen op de Kulturentwécklungsplang, dat néit Gesetz, datt d’Prozedur fir d’Ännerung vum Numm a Geschlecht um Pabeier fir trans an intergeschlechtlech Persoune méi einfach sollt maachen. Dëst soll elo awer nach dës Legislaturperiod an d’Chamber kommen.

Ausserdeem geet riets iwwert den Edito zur Sproochendebat an zur Kritik vum Méco zur Landesplanung. Och eis Reportage iwwert d’Chemiewaffen aus dem 1. Weltkrich, déi ëmmer nach a Flandern ze fannen sinn, kënnt zur Sprooch, genee esou wéi dem Roy Reding seng Bréifkëschtefirma op de Seychellen. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #005

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.

Haut ginn de Richard Graf an de Luc Caregari een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert d’Print-Woxx, wou et ënnert anerem en Bilan iwwert d’LGBTIQA-Politik vun aktueller Koalitioun gezu gëtt an eng weider Table Ronde zum Mee 68, dës Kéier mat zwou Vertriederinnen aus der Fraebeweegung, dokumentéiert gëtt. D’woxx publizéiert och eng historesch Betruechtung vun den Evenementer 1968 zu Prag – ënnert dem Titel „E neie lénke Modell, eng Utopie?“ mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #004

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert d’Print-Woxx vun dëser Woch, wou et ënnert aanerem een Interview mam Shelomo Selinger, een Artikel iwwert Nuetsflich, déi mat Gebiere sollen agedämmt ginn an eppes zum néie Plang géint Liichtverschmotzung ze liese gëtt. Si resüméieren och, wat et an dëser Woch online bei der woxx ze liese gouf, zum Beispill iwwert den oppene Bréif iwwert Flüchtlingspolitik  „opendiscussion“, d’Treffe vun den EU-Ëmweltminister*innen an d’Reaktioun vun den Ex-Koordinateur*inne vun Esch 2022. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #003

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Luc Caregari an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen zum Energie-Trilog vun EU, iwwert den Enn vum Luxleaks-Prozess an den ëmstriddene „Ekotourismus“-Projet zu Wäisswampech.

Aus der aktueller print-woxx gëtt den Edito zur Medienvielfalt an d’News zum Start vun der Wahlcampagne vun Déi Gréng kuerz virgestallt. D‘Thema vun der Woch sinn déi néi Panama-Papers. Déi éischte Kéier ass och eng lëtzebuergesch Zeitung am Rechercheverbond vun dem ICIJ, dem International Consortium of Investigative Journalists, mat dobäi – d‘woxx. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #002

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn de Richard Grad, de Frédéric Braun an de Joël Adami een Abléck an d’woxx vun dëser Woch. Si schwätzen iwwert online-Artikelen iwwer ee schwäizer Immobilienfonds zu Lëtzebuerg, deen net vill vun Demokratie hält, de séieren Tram op Esch-Belval an den Energie-Trilog op europäeschem Niveau.

Ausserdeem presentéieren si d’Print-woxx mam Edito iwwert de progressive Projet vun der Dräierkoalitioun, deen keen war, dat néit Unisgesetz, den Héichwaasserschutz am Zäitalter vum Klimawandel an aner Sujeten. D’Thema vun der Woch ass dann d‘Aweiung vum Monument zur Erënnerung un d’Shoa an déi jüddesch Communautéit zu Lëtzebuerg, déi immens onsiichtbar ass. mehr lesen / lire plus

Podcast: am Bistro mat der woxx #001

All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch ginn d’Tessie Jakobs an de Joël Adami een Iwwerbléck iwwert de Contenu vun der woxx, zum Beispill den Edito iwwert déi rietspopulistesch ADR, een Iwwerbléck iwwert dat néi Déiereschutzgesetz an d’Diskussioun dozou an der Chamber oder awer och een Artikel, deen d’kolonial Amnesie vun der lëtzebuerger Geschichtsschreiwung behandelt.

D’Thema vun der Woch ass d’Insektenstierwen, dat am Kader vum Welt-Ëmweltdag elo och zu Lëtzebuerg thematiséiert gouf. Mir schwätzen ënnert anerem dorëms, wat Zen-Gäert mat doudege Béien ze dinn hunn a wat fir Mesuren ergraff ginn, fir d’Insekte besser ze schützen. mehr lesen / lire plus