Am Bistro mat der woxx #304 – D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start

von | 11.10.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernement

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

NEWS

Solidarité avec les lycéen·nes

La mobilisation lycéenne, qui secoue toute la France et la Belgique francophone depuis plus de deux semaines, trouve des soutiens au Luxembourg. L’Union nationale des étudiant·es du Luxembourg (Unel), les Jeunes de l’OGBL (OGJ) et Déi Lénk ont pris position en faveur du mouvement, qui dénonce notamment les conditions d’enseignement et le...