Am Bistro mat der woxx #303 – Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

von | 04.10.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ungleichheiten im Bildungswesen: Die Blackbox

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #394 – D’Enn vu Filmland

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. An enger Woch maachen d'Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D'Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #393 – Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D'Resultater vun der Studien...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #392 – Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d'Appell zu Paräis huet d'Strof fir d'Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen...