Am Bistro mat der woxx #298 – Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen

von | 30.08.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den Dublin–Prozess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech d‚Fro, wisou sech Leit radikaliséieren an zu Terrorist*innen ginn. Thema ass awer och, wéi lëtzebuergesch Politiker vum rietse Bord déi Diskussiounen aus Däitschland opgräifen a probéieren, selwer politescht Kapital dorausser ze schloen.
Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Integration: Die falsche Debatte
Islamistischer Terror
: Das Management 
der Barbarei


 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...