Am Bistro mat der woxx #300 – Liberty Steel a finanzieller Kris

von | 13.09.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. D’Syndikater sinn alarméiert, den Aarbechtsministère suivéiert d’Situatioun. De Fabien Grasser präsentéiert dëst Woch seng exklusiv Recherche zum Thema an erkläert, wéi et dozou komm ass, wéi eng Zukunft d’Stolwierk an d’Aarbechter*inne erwaarde kéint a wat de Milliardär Sanjeev Gupta mat allem ze dinn huet.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:
Liberty Steel Dudelange : chronique d’une débâcle annoncée

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...