Am Bistro mat der woxx #301 – Abschottungspolitik an den USA an an Europa

von | 20.09.2024

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch huet d’woxx zesumme mat der ErwuesseBildung d’Journalistin Kathrin Zeiske op Lëtzebuerg invitéiert, fir iwwert de Grenzregime tëscht den USA a Mexiko ze schwätzen. Am Podcast erzielt d’Melanie Czarnik eis, wat déi vun eis, déi net konnten do sinn, verpasst hunn. Et geet net nëmmen dorëms, wéi d’USA sech méi a méi ofschotten, mä och ëm d’Fro, wéi vermeintlech Vereinfachunge wéi d’Digitaliséierung vun der Asylprozedur gesellschaftlech Ännerungen ervirruffen. Mir schwätzen och iwwert Parallellen tëscht der EU an den USA, well an Europa ass d’Grenzpolitik genee esou mäerderesch. Mä d’Karthin Zeiske huet och nach eng ganz aner Säit, si ass nämlech Wrestlerin.

Dem Kathrin Zeiske seng Artikel op woxx.lu

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...

USA

USA: Trumps Nazi-Problem

In der politischen Rechten der USA wächst der Antisemitismus, vor allem in der jüngeren Generation der Republikanischen Partei. Offen antisemitische Kandidaten konnten in den republikanischen Vorwahlen gar Ergebnisse im zweistelligen Prozentbereich einfahren.