Am Bistro mat der woxx #193 – Wéi mat der Chatkontroll Masseniwwerwaachung Realitéit kéint ginn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Mat der Chatkontroll plangt d’EU-Kommissioun eng europawäit Iwwerwaachung, déi jiddereen*t kéint betreffen. Dateschützer*inne schloen dowéinst säit e puer Méint Alarm. Elo ass een éischte Gesetzesentworf verëffentlecht ginn. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wisou et problematesch wier, wann et keng Enn-zu-Enn-Verschlësslung méi géif ginn oder wat de Problem mat dem sougenannten „Client Side Scanning“ wier. Mir analyséieren och, wéi wäit déi Pläng wierklech Realitéit kéinte ginn.

Den Artikel op woxx.lu liesen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus