Podcast: Am Bistro mat der woxx #083 – Déi lëtzebuergesch Monarchie an der Kris
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch schwätzt de Joël Adami mam Luc Caregari iwwert d‘Monarchie, an dat natierlech am Kontext vum Waringo-Rapport. Den ass leschte Freide public gemaach ginn, an de woxx-Journalist huet en natierlech direkt gelies...





