Podcast: Am Bistro mat der woxx #083 – Déi lëtzebuergesch Monarchie an der Kris

von | 07.02.2020

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dës Woch schwätzt de Joël Adami mam Luc Caregari iwwert d‘Monarchie, an dat natierlech am Kontext vum Waringo-Rapport. Den ass leschte Freide public gemaach ginn, an de woxx-Journalist huet en natierlech direkt gelies an analyséiert. Et geet an dësem Podcast iwwert déi Saachen, déi am meeschten opfalen, an iwwert d‘Reaktioun vum Xavier Bettel, dee mol erëm eng Kéier als „Macher“ optrëtt.

Diskutéiert ginn awer och d‘Rumeure ronderëm eng eventuell Ofdankung vum Grand-Duc, déi schonn zanter längerer Zäit ze héiere sinn. Ausserdeem schwätzen d‘woxx-Journalisten iwwert eng Kierch zu Paräis, wou d‘Fra vum Grand-Duc ëfters unzetreffen ass an do wuel och Gebieder bestallt huet, fir géint de Waringo-Rapport virzegoen.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify/ mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...