Kulturpodcast
FEMINISMUSKULTUR AM ALLGEMENGENPODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #24 Tabu an der Konschtzeen

Neit Joer, nei Staffel: den éischten Episod vum Kulturpodcast "Um Canapé mat der woxx" am Joer 2023 gëllt dem Thema Tabu. D'Larisa Faber, Schauspillerin a Regisseurin, deelt hir perséinlech Erfarungen zum Ëmgang mat kontrovers diskutéierten Themen an der lëtzebuergescher Kulturzeen. Schwangerschaftsofbroch (e.a. Good Girls), Mëssbrauch an der...

KULTUR AM ALLGEMENGENPODCAST

Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #23 Réckbléck mat der woxx

2022 geet op en Ënn, mee wat bléift hänken? D'Kulturredaktioun vu der woxx bléckt op hiert ganz perséinlecht Kulturjoer zréck an tauscht sech am leschten Episod "Um Canapé mat der woxx" vum Joer driwwer aus. D'Lëtzebuerger Südgemenge waren europäesch Kulturhaaptstad 2022 an de kulturelle Programm war deementspriechend voll - an awer huet...

KULTUR AM ALLGEMENGENLGBTIQA+PODCAST

Kulturpodcast – Um CanapĂ© mat der woxx: #22 Queer Little Lies

D'Sandy Artuso vum Theaterkollektiv Independent Little Lies hëllt fir d'zweet Kéier Plaz um Canapé mat der woxx: Dës Kéier schwätzt d'Sandy iwwert de Konschtfestival Queer Little Lies, deen dëse Weekend am Bâtiment 4 zu Esch souwéi an der Escher Bibliothéik stattfënnt, mä och iwwert d'Plaz vu queerer Konscht op der Bün, hannert de Kulissen an...

KULTUR AM ALLGEMENGENPODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #21 Inclusioun: (K)een Thema? Grenzen, los!

Loscht op déi nei Episod vum Kulturpodcast zum Thema Inclusioun? D'Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus an den Didier Scheuren vun cooperationsART sinn op Besuch um Canapé an diskutéieren iwwert Muecht, Liichtegkeet, Kulturpolitik a méi. D'Mierscher Kulturhaus schreift dës Saison Inclusioun besonnesch grouss: Ënnert dem Slogan "Inklusion...

KULTUR AM ALLGEMENGENLGBTIQA+PODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #20 Männlechkeet(en)

Et ass Zäit fir e neien Epsiod vun eisem Kulturpodcast: De lëtzebuergesche Museker CHAiLD hëllt Plaz "Um Canapé mat der woxx" a schwätzt iwwert Räck, e Mangel u Virbiller a sengem perséinlechen Ausdrock vu Männlechkeet souwéi Queerness. Wat heescht dat, e Mann a Kënschtler*in ze sinn? Wien setzt sech an der lëtzebuergescher Popkultur mat dësem...

KULTUR AM ALLGEMENGENPODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #19 Heelung duerch Papaya?

Dëse Mount ass d’Kënschtlerin Jennifer Lopes Santos op Besuch "Um Canapé mat der woxx" : D’Jennifer ass Grënnungsmember vum afro-feministesche Reseau Finkapé a vum Projet "Papaya". Hei huelen afro-Feminist*innen hir a kollektiv Identitéiten auserneen. Wat fir eng Roll spillen dobäi déi mental Gesondheet, Emanzipatioun a wäiss Männer? Wien de...

KULTUR AM ALLGEMENGENMUSEKPODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #18 Museksausbildung demokratiséieren

Dëse Mount gëtt et rëm musikalesch um Canapé mat der woxx: De Helder Da Graça, Member vu Finkapé, ass op Besuch mam Projet Klang Keller. Hien zielt vu Schloflidder, Musek fir an de Musée an enger Museksausbildung, déi weder no sozialer Klass nach no Genre funktionéiert. Musek brauch keng Wieder - stëmmt dat? Oder versiche Mënschen se awer mat...

KULTUR AM ALLGEMENGENLGBTIQA+PODCAST

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #17 Queer Konscht oder Party?

Um Canapé mat der woxx gëtt d' Luxembourg Pride gefeiert, déi vum 1. bis de 10. Juli zu Lëtzebuerg stattfënnt : Den Andy Maar vu Rosa Lëtzebuerg an de Fotograf Pit Reding sinn dofir op Besuch. Si tauschen sech iwwert de neie Queer Arts Festival aus an diskutéiere iwwert Politik a Party. Am Juni gëtt weltwäit un d' Stonewall Riots vu 1969...