Et ass Zäit fir e neien Epsiod vun eisem Kulturpodcast: De lëtzebuergesche Museker CHAiLD hëllt Plaz „Um Canapé mat der woxx“ a schwätzt iwwert Räck, e Mangel u Virbiller a sengem perséinlechen Ausdrock vu Männlechkeet souwéi Queerness.
Wat heescht dat, e Mann a Kënschtler*in ze sinn? Wien setzt sech an der lëtzebuergescher Popkultur mat dësem Thema auserneen? An geet et dobäi em eng Generatiounsfro? De jonke lëtzebuergesche Museker CHAiLD, oppe queere Sänger mat italienesch-portugiseschen Originnen, diskutéiert mam Isabel Spigarelli vun der WOXX iwwert dës an aner Froe ronderëm Gender, Queerbaiting – de Virworf, datt sech Persounen, déi net LGBTIQA+ sinn, queer gi fir e Public unzezéien – a seng Erfarunge mat Diskriminéierung op verschiddene Niveauen. Wéi et nom CHAiLD haut em Diversitéit an der lëtzebuergescher Musekszeene steet a wat hien sech als queere Kënschtler virgeholl huet? Lauschtert eran a fannt et eraus! Wien dono Loscht op méi Gespréicher zu dëse Themen huet, sollt dës zwee Podcast-Epsiode lauschteren : „Outtaspace Loverboy“ vu Méi Wéi Sex an „Unmännlich“ vu Schamlos.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.
De CHAiLD ass ënner anerem op Instagram a Youtube ënnerwee.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #22 Queer Little Lies
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #36 Queer Filmgeschicht
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #29 Queer Literatur aus Lëtzebuerg
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #5 Ënner dem Reebou
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #18 Museksausbildung demokratiséieren