Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #18 Museksausbildung demokratiséieren

von | 26.07.2022

Dëse Mount gëtt et rëm musikalesch um Canapé mat der woxx: De Helder Da Graça, Member vu Finkapé, ass op Besuch mam Projet Klang Keller. Hien zielt vu Schloflidder, Musek fir an de Musée an enger Museksausbildung, déi weder no sozialer Klass nach no Genre funktionéiert.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

Musek brauch keng Wieder – stëmmt dat? Oder versiche Mënschen se awer mat Begrëffer ze beschreiwen, déi hir ni gerecht kënne ginn? Dës an aner Froen diskutéiere de Helder Da Graça, Leeder vum Projet Klang Keller vu Finkapé – Réseau Afrodescendant, an d’Isabel Spigarelli vun der woxx. An dësem Gespréich hëlt de Helder verschidden Aspekter vun der Museksausbildung auserneen: Wat huet hie géint dat Wuert Weltmusek? Wisou ass et wichteg, datt an engem Conservatoire net nëmme Musek aus Europa oder Instrumenter vermëttelt ginn, déi aus westleche Länner stamen? A wéi gesäit eng Museksausbildung aus, déi mat koloniale Muster a Klassismus brécht? Um Ënn erwaart Iech dann nach eng musikalesch Surprise, fir déi et sech méi wéi lount, drun ze bléiwen!

Beim Museksstéck handelt et sech ëm eng Improvisatioun : „Création Spontanées 1.1.“, mat den Sänger*innen Cassandra Lobo, Maya Likembe, Njamy Sitson, Oke a Taty Horta.

Déi nächst Konferenz vu Klang Keller fënnt den 9. Oktober, um 17 Auer, statt: „Le Cap Vert, Berceau de la Créolisation“, mam Mario Lucio Sousa, Museker an fréieren Kulturminister vum Cap Vert.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

MUSEK

Placebo feiert 30 Jahre: „Sie waren meine Jugend“

Drei Jahrzehnte, unzählige Erinnerungen und eine besondere Verbindung zu Luxemburg: Am Freitagabend feiern Placebo in der ausverkauften Rockhal ihr 30-jähriges Bestehen. Eine Rückkehr zu den musikalischen Anfängen – und für viele im Publikum auch zur eigenen Jugend.

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...