Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #19 Heelung duerch Papaya?

von | 23.08.2022

Dëse Mount ass d’Kënschtlerin Jennifer Lopes Santos op Besuch „Um Canapé mat der woxx“ : D’Jennifer ass Grënnungsmember vum afro-feministesche Reseau Finkapé a vum Projet „Papaya“. Hei huelen afro-Feminist*innen hir a kollektiv Identitéiten auserneen. Wat fir eng Roll spillen dobäi déi mental Gesondheet, Emanzipatioun a wäiss Männer?

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

Wien de Numm Papaya liest, denkt warscheinlech éischter un Uebstzalot wéi un e Konschtprojet – mä genee dat huet d’Kënschtlerin Jennifer Lopes Santos, zesumme mam Mélissandre Varin, gemaach: Hire Konschtprojet „Papaya“, dee säit 2019 leeft, riicht sech un afro-feministesch Kënschtler*innen an Aktivist*innen. De Projet well duerch verschidde Konschtinterventioune post-kolonial Identitéiten zelebréieren, mä och dekonstruéiren. Et kommen Trauma un d’Liicht, Genderfroen, d’Ausernanersetzung mat der eegener a kollektiver Verantwortung souwéi dem Wonsch, no Emanzipatioun an Heelung. D’Jennifer erzielt am Podcast „Um Canapé mat der woxx“ méi doriwwer. D’Kënschtlerin verréit do och, wéi wäit Männer e wichtege Bäitrag am feministesche Projet spillen a wisou de Support duerch eng Therpauetin fir si vun Ufank un wichteg war.

Op finkapé.lu an ënnert „papaya.fp“ op Instagram ginn et méi Informatiounen zu „Papaya“. Déi nächst Interventioun zu Lëtzebuerg ass fir de März 2023 am TROIS-C-L geplangt.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...