Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #21 Inclusioun: (K)een Thema? Grenzen, los!

von | 25.10.2022

Loscht op déi nei Episod vum Kulturpodcast zum Thema Inclusioun? D’Peggy Kind vum Mierscher Kulturhaus an den Didier Scheuren vun cooperationsART sinn op Besuch um Canapé an diskutéieren iwwert Muecht, Liichtegkeet, Kulturpolitik a méi.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

D’Mierscher Kulturhaus schreift dës Saison Inclusioun besonnesch grouss: Ënnert dem Slogan „Inklusion Kultur. Grenzen, los!“ solle bewosst Kënschtler*innen mat Behënnerung an de Programm opgeholl souwéi den Zougang vir de Public mat Behënnerung erliichtert ginn. Dat inklusiivt Kënschtler*innenkollektiv cooperationsART ass Deel dovunner. Mä wéi gëtt Inclusioun am Kulturberäich ëmgesat? Hu Mënsche mat oder ouni Behënnerung d’Handlungsmuecht? A wat fir eng Roll spillt um Ënn och d’Kulturpolitik? D’Peggy Kind, Beopragt fir Inclusioun am Mierscher Kulturhaus, an den Didier Scheuren, Workshop-Leeder bei cooperationsART, tauschen sech mam Isabel Spigarelli vun der woxx doriwwer aus.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #402 – Den Tabu ëm d’Menopause briechen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. D'Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d'medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...