All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
D’Energiepräisser klammen, an dat setzt och de Kulturbetriber zou. Wéi gi Muséeën a Kulturinstitutiounen zu Lëtzebuerg domadder ëm? D’Isabel Spigarelli ass fir d’woxx dëser Fro nogaangen. Am Podcast erzielt si dem Joël Adami, wéi si bei der Recherche virgaangen ass a wat si erausfonnt huet. Sou ass et net ëmmer einfach, an der Kultur iwwerhaapt Energie ze spueren, well et grad a Muséeë spezifesch Problemer dobäi gëtt.
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus