Am Bistro mat der woxx #203 – D’Musée-Kultur zu Lëtzebuerg

von | 29.07.2022

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wien geet zu Lëtzebuerg an de Musée? Eng Etude, déi dës Fro ënnersicht huet, ass op Resultater komm, déi am Fong keen*t esou wierklech iwwerrascht hunn. Och d’Grënn, wisou verschidde Leit net oder net dacks a Muséeë ginn, sinn net grad nei Erkenntnisser. D’Isabel Spigarelli huet fir d’woxx recherchéiert an schwätzt am Podcast mam Joël Adami doriwwer, wat si erausfonnt huet. Ausserdeem geet riets iwwer méiglech Léisungen, iwwer kreativ Usätz an iwwert d’Fro, ob d’Nuit des Musées just eng grouss Party ass.

Den Artikel op woxx.lu liesen

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #397 – Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet  

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze...

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #396 – Um Tour mam Dynamobile

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d'Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d'woxx-Journalistin...