All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An der Villa Vauban fënnt ee virun allem Biller aus dem 17. bis zum 19. Joerhonnert. Zum Beispill vu franséische Landschaftsmoler. Dat ass vläicht net déi éischt Adress, un déi een denkt, wann een u queer Konscht denkt. An dach gëtt et hei zanter Kuerzem Visitten, déi sech mam Thema Queerness ausernee setzen. Am Podcast erkläert d’Isabel Spigarelli dem Joël Adami, wéi dat funktionéiert, wéi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg sech méi opmaachen a probéieren, gesellschaftlech Entwécklungen net ofzewieren, mä ze begleeden.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:
Villa Vauban: Queer durch die Sammlung
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #36 Queer Filmgeschicht
- Kulturpodcast – Um Canapé mat der woxx: #22 Queer Little Lies
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #20 Männlechkeet(en)
- Am Bistro mat der woxx #205 – Trans Sportler*innen zu Lëtzebuerg
- Podcast: Am Bistro mat der woxx #082 – Digitale Kapitalismus a queer Serien