D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli schwätzen zesummen iwwert den Film „I’m Thinking of Ending Things“: Wéi onkonventionell dierf eng Erzielung sinn? Wéivill Metaebene kann een engem Publique zoumudden? Lauschtert eran.

Bildquell: Netflix
Eng heterosexuell Koppel fiert dem Mann seng Elteren op hire Bauerenhaff besichen. Schonn am Auto um Wee dohinner gëtt kloer: Do stëmmt eppes net. Wien vun de Personnagen ass real? Wien just eng Fantasie? De Regisseur Charlie Kaufmann féiert de Publique an d’Bannenliewe vun engem Personnage an, an dem sech Erënnerungen, Virstellungen an Erwaardunge vermëschen.
D’Tessie Jakobs an d’Isabel Spigarelli hunn läscht Woch an der Podcast-Folleg „Am Bistro mat der woxx #111 – Wéi léisst sech ee Film rezenséiren, dee kee ass?“ mehr lesen / lire plus