Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #25 Kultur a Kommerz

von | 28.02.2023

Am Februar dréint sech „Um Canapé mat der woxx“ alles em d´Geld: Wéi gëtt Kultur fir wirtschaftlech Zwecker genotzt? Wien wëlle Stied mat kulturelle Groussevents uschwätzen? A wéi nohalteg ass dat Ganzt? Richtung22 deelt hir Gedanke mat der woxx.

Copyright: Isabel Spigarelli/woxx

D’Bedeelegung vum lëtzebuergesche Kultursecteur un der Weltexpo zu Dubai, d’Kulturjoer Esch2022 – béides sinn Evenementer, déi d’Kënschtler*innenkollektiv Richtung22 an der Vergaangenheet beschäftegt hunn. Generell komme weltwäit ëmmer erëm Froen dono op, wéi wäit d’Kulturzeen dierf fir touristesch, wirtschaftlech an aner politesch Beräich instrumentaliséiert ginn. An dësem Episod ginn d’Isabel Spigarelli vun der woxx an zwou Vertrieder*inne vu Richtung22 dëser a villen anere Froen zum Thema no. Dobäi fale Begrëffer wéi Instrumentaliséierung, Diskussiouns- a Revolutiounskultur an Art Washing. Wat et domadder op sech huet? Lauschtert eran.

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android.

Dat kéint Iech och interesséieren

PODCAST

Am Bistro mat der woxx #400 – Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar...