Dëse Sonnden ass erem RTL-Presseclub ab 11:20.
Den Europadeputéierten Engel, dee mat Mandat d’Arrêt duerch den Aserbaidschan gesicht gëtt, den Nach-ADR-Politiker Thein, dee riskéiert aus senger Partei ausgeschloss ze ginn an de Kommissiounspresident Juncker, dee Visiounen fir d’EU huet – 3 Politiker, déi d’Aktualitéit markéiert hunn.
Laanscht d’Politik vum Donald Trump kënnt ee wuel knapps nach an de Kommentairen an iwwert de François Fillon a seng Campagne fir d’Presidentiellen a Frankräich muss och geschwat ginn.
Mat dobäi sinn
den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt
de Marc Schlammes vum Wort
de Raymond Klein vun der Woxx
an de Romain Hilgert aus dem Land.

