ANDY BAUSCH: De Johnny flitt op Chicago

De leschten Deel vun der Trouble-maker-Saga ass méi wéi en Hommage un den Thierry – et ass d’Konfirmatioun vum Andy Bausch sengem Filmstil.

Drecksak Nummer 1: Den André Jung als grad sou brutale wéi depressive Kommissär.

Natierlech waren d’Kritiker bei „Trouble No More“ nees unanime. Natierlech huet de Film e schlecht Dréibuch, natierlech verléiert d’Geschicht sech anzwousch an de vill ze ville roude Fiedem a sécher; de Film strotzt deelweis ëmmer nach vun Amateurismus. Mee, si mer mol éierlech, wat wier aus dem „Troublemaker“ ginn, wann et e perfekt gestréckte, sauméisseg gutt inszenéierten a fantastesch gespillte Thriller gi wier? D’Äntwert läit op der Hand: Et wier keen Troublemaker méi, mee eng gutt gelonge Kopie vun auslännesche Virbiller. A genee do läit dem Andy Bausch seng Stäerkt: Hien ass sech selwer trei bliwwen.

D’Geschicht vun „Trouble No More“ ass séier erzielt: De Johnny Chicago flitt op Chicago – obwuel en net wierk-lech am Film matspillt. De Rescht besteet aus enger Rei vun uneneengestréckte Quiproquoen déi zwar Sënn erginn, mee mam Haaptdeel vun der Geschicht häerzlech wéineg ze dinn hunn. Nëmme souvill: Nodeems den Johnny Chicago – op eng zimlech domm Manéier, muss ee soen – vun de Flicken no engem Iwwerfall mat Kugele garnéiert gouf wéi e Gebuertsdaagskuch mat Käerzen, wëll säin éiwege Partner in Crime, den Chuck Moreno wéinstens seng Äschen op Chicago bréngen. Den Hic: Hie sëtzt selwer grad nees an där bekannter Schraasseger Institutioun a muss, ier en déi lescht Rees mat sengem beschte Frënd untrëtt, iwwert e puer Maueren an duerch vill Trouble. Virun allem well de Goss feelt an dofir séier „eng lescht Casse“ muss gemaach ginn – dës Kéier gezwongenerweis mat neie Leit. Well dobaussen ass d’Zäit och net stoebliwwen : Dem Johnny säi Meedchen – d’Tess – ass ausgerechent bei de Jhempië gelant, an et ass och nach där rarer Eent: Hatt hëlt säi Job eescht. Dem Tess seng Mamm, d’Jenny ass guer net begeeschtert doriwwer, genee wéi de Ray, dem Johnny säi Brudder …

Wat bei „Trouble No More“ virun allem an d’A stécht ass déi multikulturell Realitéit déi den Andy Bausch ouni Problem a seng lëtzebuergesch Saga afléisse léisst. Sou sinn déi „nei“ Gangsteren aus dem frankophonen a souguer lusophone Beräich an de Ray – de Marco Lorenzini als désillusionnéierte Gemengenaarbechter a Klengkriminellen – strotzt och mol vu Virurteeler géint all déi „houer Kosovaren“. Den Andy Bausch bréngt et fäerdeg e vill méi authentescht Lëtzebuerg ze filme wéi vill anerer. E Lëtzebuerg ouni all déi schéin nei Bauten, ouni all déi Luxuskarossen a -geschäfter, wäit ewech vun der allgemenger mediokrer Klengstadbourgeoisie. Hien erzielt aus den Hannerzëmmere wou korrupt Flicke Keele spillen a Frae beleidegen, vu Botzereien an deene Ki geplangt ginn, a vu klenge Gangsteren déi genee sou verzweifelt wéi topesch sinn. A genee dat mécht d‘ „Troublemaker“-Trilogie jo och sou spannend: Déi Narrefräiheet déi de Regisseur sech hëlt fir eis Police als eng Band vu machisteschen Drecksäck duerzestellen oder d’Grand-Duchesse als Kifferin ze outen, déi zitt einfach un a mécht fräi. Et ass eng stänneg Gratwanderung tëscht Film Noir a Stammdësch-Humor déi schlussendlech dem Andy Bausch säi Stil vun engem „Kino des kleinen Mannes“ (kuckt Interview an der woxx 856) ausmécht. An dat gëtt dem lëtzebuergesche Kino seng Identitéit, op Verschiddener lo domat liewe kënnen oder net.

„Trouble No More“, am Utopolis, LeParis, Scala, Starlight, Ariston, CinéBelval, Kursaal a Prabbeli.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.