Wie vill duerch d’Stad kĂ«nnt, huet de Fotograf Martin Linster bestĂ«mmt scho begĂ©int. De Fotograf vum „LĂ«tzebuerger Land“, deen Ă«mmer op der Plaz ass, wann et e politesche Moment ze knipse gĂ«tt, weist elo eng Auswiel vu senge Fotoen aus de läschte Joeren.

„Politik ass Theater“, fĂ«nnt de Fotograf Martin Linster. A senge Biller deet hien dem politeschen Establishment
de Bok aus.
„Dee wĂ©ivillte Kaffi ass dat, deens de de Moien hei drĂ©nks?“ „De vĂ©ierten. Neen, nach zwee doheem.“ Et ass halwer nĂ©ng. Mir sĂ«tzen am „Interview“, deem CafĂ© am Stadzentrum, wou een nach en uerdentleche Kaffi kritt, een deen inspirĂ©iert, wĂ©i de Martin Linster seet. A wou een de Martin zĂ«nter zwanzeg Joer Ă«mmer mol rĂ«m ka begĂ©inen – zum Beispill moies, ier en op den Tour geet. „Hei hunn ech all d’Zeitunge beienaner, da gesinn ech, wat alles an der Press ass, an dĂ©i Themen, di vläicht Theme vun der Woch ginn. A well ech vläicht scho Kollegen hei begĂ©inen.“ De Martin ass Fotograf, oder besser: Fotojournalist. Et gesäit ee sengem Kannergesiicht et net of: Hien huet net nĂ«mme schons 48 Joer, mä och nach eng seriö Ausbildung. Mat uechtzĂ©ng huet hien ugefaang, ze fotografĂ©ieren an och ze entwĂ©ckelen, fir d’Scouten.
Hien huet eng Rei vun Jobben gehat, och emol am „Interview“ geschafft, an iergendwann no enger LĂ©ierplaz gesicht. Vun engem Patron bei deen aneren huet hien sĂ©ng LĂ©ier fäerdeggemaach, an du wor en eng Rei Joere bei der Agence Imedia. „Industriefotografie“ nennt hien dat haut.
Firwat Fotojournalismus an net einfach Fotografie? Portrait, fĂ«nnt hien, ass net seng Stäerkt. „A beim Fotojournalismus kĂ«nns de mat alles a Kontakt, ob dat Politik ass, du kĂ«nns an d’Visite guidĂ©e vun enger Fabrik eran, et weist een der säi Fuerschungslabo, Spideeler et ass d’Themevielfalt vum Fotojournalismus, dĂ©i’s de soss nĂ©ierens kriss. Ech leeĂ« mech guer net gär op
eppes fest.“
1997 krut de Martin proposĂ©iert, als feste Freelance fir eng Zeitung ze schaffen: de „GrĂ©ngeSpoun“, Virgänger vun der woxx. „Du sinn ech mol mĂ©i gefrot ginn. D’huet mech ni iergend e Journalist virdru gefrot.“ Ganz zefridde wor en do net, wĂ©inst der schlechter DrockqualitĂ©it zum Beispill. Mä et wor säi Sprangbriet: Hie gouf vum „LĂ«tzebuerger Land“ ugeschwat, an huet dunn och do seng berufflech Heemecht fonnt. WĂ©i d'“Land“ 1999 säi Layout geännert huet, ass voll op den Apport vum Martin senge Fotoe gesat ginn. Haut wär d’Zeitung bal net mĂ©i ouni se denkbar. Bei der d’Fro, a wĂ©iwäit hien zĂ«nter hier eng fotografesch Evolutioun matgemaach huet, drĂ©ckt e sech: „Ech gesi mäi Stil nach net als fäerdege Stil un.“ An: „Et mĂ©cht een all Joer zwou oder dräi gutt Fotoen. A wann een der mĂ©i mĂ©cht, dann iwwerhĂ«lt ee mĂ©i.“ Duerfir kuckt hien och keng Televisioun, liest lĂ©iwer Fotosbicher a lĂ©ist sech do inspirĂ©ieren, mol vun deem engen, mol vun deem aneren. An elo wĂ«llt hien emol e Joer mat digitaler Fotografie experimentĂ©ieren. Awer nĂ«mme fir di faarweg Fotoen, fir Schwaarz-Wäiss geet hie weider an d’Dunkelkammer: „Interpretatioun, net Manipulatioun.“ A wa bis an der Dunkelkammer de Radio opgedrĂ©it ass, „da bass de alleng matt der Musek, mat dengem Negativ, matt denger Luucht, der Beliichtung, t’lĂ©ist jiddwereen dech mat Rou.“
Fir d’fofzeg Joer vum „LĂ«tzebuerger Land“ ass an der Galerie „Alimentation gĂ©nĂ©rale“ eng Ausstellung mat senge Fotoen ze gesinn. Et ass di zweet, an der Zäit vum Bosnie-Krich hat hie mat sengem Kolleg Boris Kremer dĂ©i fotografesch AndrĂ©ck vun enger Rees an d’Krichsgebitt ausgestallt. Dat wor eng vun zwou Erfahrungen, dĂ©i de Martin Linster ganz dĂ©if markĂ©iert hunn. Di zweet wor d’Fligerkatastroph um Findel. An deenen zwee Fäll huet hie Läiche vun no gesinn. Dat alleng wor en dĂ©iwe Schock, mä geschockt wor hien och iwwer d’Verhale vun anere Fotojournalisten, well hie seng eege Grenzen ganz anescht setzt: „Ech maaĂ« keng Fotoen dovun. Si hu gestridde fir d’Läichen ze fotografĂ©ieren. Wat soll dat?“ De Martin huet och soss vill un der Vergaangenheet ze knaen: Krankheet, Leit di em ewechgestuerwe sinn.
Mä zerĂ©ck zu där neier Ausstellung. Et ass eng „politesch“ Ausstellung, dĂ©i ee sou kuerz virun de Walen och als fotografesche Bilan vun dĂ«ser Regierung ka betruechten: Ze gesi gĂ«tt et Fotoe vu SchlĂ«sselmomenter, wĂ©i d'“OpĂ©ration
Milano“ oder d’Manif gĂ©int den Irak, awer och vum politeschen Establishment. Besonnesch do kĂ«nnt dem Martin seng SpezialitĂ©it voll eraus:
Situatiounskomik an Ironie. Et ass kaum eng Foto dobäi, wou net en „DĂ©cken“ op d’SchĂ«pp geholl get. Op dat de Juncker an d’Hennicot’s a Gummisstiwwelen sinn, d’Regierung op der TribĂĽn beim Tour de France oder d’Konkurrenz tĂ«scht engem schicken Dammenhutt an dem BĂ«schof senger Mitra, de Martin Linster huet den Don, dĂ©i speziell Momenter ze erwĂ«schen, dĂ©i d’Leit herno schmunzelen dinn. „Se gi sech jo an der Chamber sou seriö, da kann een se och no baussen aneschters weisen,“ fĂ«nnt hien. Mä fir hien huet et och vill mat Gedold ze dinn: „Ech hu gewaart bis d’Situatioun komesch war an da gedrĂ©ckt. Wann ech net zefridde sinn, wann se alle guerten do sinn a jiddwereen drop ballert, da bleiwen ech do bis jiddweree fort ass. Ech sinn och, well ech fir eng Wochenzeitung schaffen, net sou an deem Drock vun: Ech muss op deen
nächste Rendezvous.“
Mä zugläich ass dĂ«s Ironie awer och Kritik. Soll ee sech eppes dobäi denken, dass dĂ©i heiansdo mĂ©i staark a senge Fotoen erauskĂ«nnt ewĂ©i an den Artikelen, dĂ©i se illustrĂ©iere sollen? De Martin gesäit sech op alle Fall net als politesche Fotograf: „D’Foto mam Marie-JosĂ©e Jacobs an Aktioun op enger BĂĽhn ass och dobäi fir ze soen: Wat en Theater.“ Mä DĂ©ieren oder Planzen, dat ass och net säin Truc: „Ech hunn d’Gedold net. D’DĂ©ieren, d’Natur an d’Planzen, do brauchs de nach mĂ©i Zäit fir et schĂ©in ze maachen.“ A Sport? „Keng Ahnung vun engem Abseits, do krĂ©ien ech d’Situatioun net mat. Wann do ee päift um Terrain, da froen ech mech: firwat päift deen dann.“ Nach Ă©ischter gĂ©if hie sech fir de Film interessĂ©ieren: „Dat hunn ech an enger Form wĂ«lles. Well heiansdo sou
Situatioune sinn, wou ech soen: ‚t ass besser gefilmt. An amplaz dann iwwert d’Televisioun hierzefalen, maach et besser. Ech gĂ©if gär Reportage maachen, mä an engem Bild ass et schwĂ©ier duerzestellen.“
„Ech sinn deen eenzege Fotojournalist dee mĂ©i wi dräi Zeitungen den Dag liest, an dann och schonn d’Spill e bĂ«sse weess. Do brauch ee keng Tuyaue vun engem Journalist ze krĂ©ien, mä dat versteet een dann. Ech kennen se alleguerten, ech kann der och eng Vouel-Regierung opsoen.“ De Martin weess Bescheed an ass Ă«mmer op der Plaz, och ouni Auto a FĂĽhrerschäin. Wann net grad een e matthĂ«llt, fiert hie mam Zuch a mam Bus. Duerfir huet hien och sou vill Zäit fir ze liesen.
Wat him wichteg ass, ass seng Onofhängegkeet: „Wann den Ă©ischte Mee de Castegnaro do trĂ«ppelt – dat Ă©ischt ass, d’Fotografe ginn dem Castegnaro Moie soen. Ech kucken, dass ech en erwĂ«sche wou en eng Dommheet mĂ©cht. Si ginn nach just Moie soen, dann hunn se jo schonn hir Onofhängegkeet verluer. Ech si just mat jiddwerengem hĂ©iflech, ech lafen deenen net no.“
D’Ausstellung vum Martin Linster ass nach bis de 6. März an der Galerie „Alimentation gĂ©nĂ©rale“ op der Gare ze gesin
(www.artcontemporain.lu). D’Ă–ffnungszäiten stinn an der Agenda S. 20.

