All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast schwätzen den Thorsten Fuchshuber an d’Melanie Czarnik doriwwer, op wou Russland profitéiert a wat dat fir d’Zukunft vum Konflikt a vun der Muechtpolitik bedeit.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Irankrieg und Russland: Beute und Bredouille
De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS.

