JACQUES MOLITOR: Ze vill des Gutts

von | 05.02.2015

Mat „Mammejong“ hätt kéinten e gudde lëtzebuergeschen Auteurefilm an de Kino kommen. Mä och wann d’Zutaten alleguerten do sinn, feelt et dem Jacques Molitor sengem Film dach u Feinschlëff.

Leider net de grousse Worf fir „Mammejong“

De Flëpp steet ënnert der Schlapp. Ënnert där vu senger Mamm, déi säi Liewe kontrolléiert, ënnert där vu senge Gläichaltregen, déi e schikanéieren an ënnert senger eegener, well e sech einfach net emanzipéiere kann. An dat, obwuel en dach en häerzensgudde Jong ass, genau sou gutt, wéi säi Papp, dee sech viru Joeren ëmbruecht huet. A genee deemools huet säin Ongléck ugefaang.

A lo sëtzt en do am Duerfbuttek, deen e mat senger Mamm féiert, ouni grouss Perspektiven, an op deen en Immobilienhai schonns en A geworf huet. Säi Liewe kéint sech entscheedend änneren, wéi en d’Leena kenneléiert. Déi jonk Fra aus Bosnien, mat de schéine bloen Aen, verdréint dem Flëpp zimlech séier de Kapp an hien hëlt nawell eng ganz Rëtsch Risike fir hir a senger Situatioun – si squattéiert e Réibau am Duerf – ze hëllefen. Mä do hat en d’Rechnung ouni seng psychotesch Mamm gemaach …

Wéi gesot, „Mammejong“ hätt kéinten e richteg gudde Film ginn, well d’Elementer dofir ware jo do: E jonke Regisseur, dee schonns e Batz Erfahrung gesammelt huet, gutt Schauspiller (nieft dem Max Thommes an der Myriam Muller zemools d’Maja Juric als Leena) an eng exzellent Kameraarbecht a Fotografie. Sou kënnt et, datt ee bei de Biller vun engem ofgeleeënen Éisleker Duerf heiansdo un d’Dardenne-Bridder denke muss, vun deene sech de Jacques Molitor wuel e Stéck wollt ofschneiden.

Mä genee do läit de Problem: Beim Versuch e Sozialdrama z’inszenéieren ass munches schif gelaf. Ugefaang mat der Geschicht, déi e puer Lächer opweist: Firwat wunnt d’Leena an engem Réibau, a wou kënnt si eigentlech hier? An wou dem Flëpp senger Mamm hir Psychosen? A virun allem freet ee sech während dem ganze Film firwat de Mammejong net endlech opsteet a geet – op d’mannst psychologesch Hëllef sichen?

D’Personnage vu „Mammejong“ si leider ze eendimensional a platt bliwwen, hir Motivatioune ginn dem Spectateur ni sou richteg kloer gemaach an heiansdo wierke se, wéi wa se nëmmen do wieren, well den Szenario soss net méi géif opgoen. Dat gëllt och fir d’Niewerollen, déi oft nach méi platt wierken (wéi de Jules Werner als Immobilienhai). An do läit dann och den zweete Problem vum Film: Och wann den Ausgangspunkt ganz villverspriechend kléngt, an tëscht den dräi Haaptpersonnagen e richtegt gutt Spannungsverhältnis besteet, féiert „Mammejong“ dach néierewou hin. Net datt dat eng Obligatioun gewiescht wier, mä den Szenario mécht eng Réi Dieren op, ma vun deene gëtt keng eenzeg benotzt oder nees zougeschloen.

An dat ass wierklech schued, well am ganze Film d’Ambitioun vum Jacques Molitor a senger Ekipp duerchschéngt, endlech e seriéisen Auteurekino zu Lëtzebuerg z’etabléieren. Un den Zutaten feelt et net, si musse nëmme besser agesat a verschafft ginn.

Am Utopia

Dat kéint Iech och interesséieren

KINOKULTURTIPP

Im Kino: The Chronology of Water

Kristen Stewart gibt mit „The Chronology of Water“ ein kompromissloses Regiedebüt. Die Adaption von Lidia Yuknavitchs Memoiren überzeugt jedoch weniger durch formale Konsequenz als durch die intensive Präsenz von Hauptdarstellerin Imogen Poots. Mit „The Chronology of Water“ legt Kristen Stewart ihr Regiedebüt vor – und zwar keines, das sich...

FILMKINO

Slow Cinema: Die Langsamkeit des Sehens

Filme mit langsamem Rhythmus werden seit den frühen 2000er-Jahren dem „Slow Cinema“ zugerechnet. Ein Blick auf das kontemplative Genre und zwei besondere Regisseure: Béla Tarr und Lav Diaz. Der Begriff „Slow Cinema“ ist einer mit diffusen Definitionsansätzen und sehr porösen Grenzen. Der vorliegende Beitrag ist gar nicht erst darum bemüht,...